
© Pixabay
... 95 Joer ass et de "schwaarzen Donneschdeg" op der Bourse zu New York, an domat den Ufank vun der Great Depression an den USA a vun der Weltwirtschaftskris.
1931 geet d'George Washington Bréck tëscht New York a New Jersey op. Mat 14 Fuerbunnen ass et di meeschtbefuere Bréck vun der Welt an ass nom éischte Präsident vun den USA benannt.
Dee selwechten Dag gëtt den Alphonse "Al" Capone wéinst Steierhannerzéiung zu 11 Joer Prisong an 58.000 Dollar Strof verurteelt. Wéi de Mafiaboss 8 Joer méi spéit fréizäiteg vun Alcatraz entlooss gëtt, ass en e kranke Mann.
1901 ass d'Léierin Annie Taylor den éischte Mënsch, deen erfollegräich d'Niagarafäll eroffiert. Op hirem 63. Gebuertsdag klëmmt se an een hëlze Faass, dat mat Kësse gepolstert ass. Frësch Loft gëtt mat enger Vëlospompel eragepresst.
Haut ass den Dag vun de Vereente Natiounen, well 1945 op deem Dag d'Charta vun de Vereenten Natiounen mat 50 Staaten als Grënnungsmemberen a Kraaft trëtt, dorënner Lëtzebuerg.

© Pixabay
1966 ginn d'Rout Bréck an d'Héichhaus um Kierchbierg ageweit.
Virun 21 Joer start dee leschte kommerzielle Vol vun der Concorde vu New York op London. De Pilot vun der British Airways ass dee selwechten, dee 1976 den éischte Vol gemaach hat.
Rekorder sinn do fir gebrach ze ginn - haut virun 10 Joer geléngt dem Vizepresident vu Google Alan Eustace e Stratosphäresprong aus 41.422m Héicht, an iwwertrompt domat den Éisträicher Felix Baumgartner. Dëse behält mat 1357,6km/h awer de Rekord vum séierste fräie Fall.
"Monsieur 100.000 Volt" gouf en genannt - de franséische Museker Gilbert Bécaud kënnt haut viru 97 Joer op d'Welt.
Haut viru 19 Joer stierft d'Amerikanerin Rosa Parks. Si war 1955 am Alabama festgeholl ginn, well se an engem Bus net hir Sëtzplaz fir e wäisse Passagéier fräimaache wollt. Dëst war den Ufank vun der schwaarzer Biergerrechtsbeweegung.