
© Pixabay
... 63 Joer fueren zu Berlin amerikanesch Panzeren op um Checkpoint Charlie, nodeems DDR-Grenzzaldote Westalliéierter dru gehënnert haten, de sowjetesche Secteur ze betrieden.
Am fréieren Ostdeel vun der Stad, am Erich Honecker sengem "Lampenladen", sou gëtt de Palast der Republik genannt, dierf den Udo Lindenberg 1983 endlech optrieden. Ausléiser ass dat heite Lidd:
1836 gëtt zu Paräis den 23m héijen Obelisk vu Luxor opgestallt. De Kaddo vum ägypteschen Herrscher Muhammad Pascha un de franséische Kinnek Louis Philippe steet op der Place de la Concorde.

© Pixabay
1955 stierft d'Sadako Sasaki un de Suitte vum Atombommenugrëff op Hiroshima. Dat 12 Joer jonkt Meedchen hat a senge leschten Deeg ronn 1600 Origami-Kranicher gefaalt. Bis haut sinn des e Symbol géint Atomwaffen.

© Pixabay
Am Kader vum "Krich géint den Terrorismus" gëtt 2001 de "USA Patriot Act" gestëmmt. Duerch dat Gesetz ginn d'Biergerrechter a groussem Mooss ageschränkt, an d'Ufuerderunge fir an Amerika eran ze komme gi méi héich.

© Pixabay
Viru 4 Joer gewënnt de Lewis Hamilton mam Grousse Präis vu Portugal säin 92. Grand Prix a iwwerbitt domat den ale Rekord vum Michael Schumacher.
80 Joer al gëtt haut den Jon Anderson, brittesche Sänger vun der Formatioun "Yes".
78. Gebuertsdag fir de Stephan Remmler - däitsche Museker a Frontmann vun "Trio".
Viru 40 Joer op d'Welt komm als Katheryn Hudson ass d'Katy Perry.
Nach e Catherine - mir hu bestëmmt schonn alleguer duerch eent vun hire Kachbicher (op d'mannst) gebliedert - 1987 stierft d'Ketty Thull.

© Pixabay
A wa mir grad beim Iesse sinn - haut ass de Weltdag vun de Nuddelen.