D´Ëmmelie, eng Mini-Bichon-Mudderche vun 12 Joer, hat zanter laangem schonn décke Misär mat hiren Zänn. Mat Medikamenter géint d'Péng, d'Entzündung an Antibioticken ass et dann ëmmer nees fir e puer Méint an der Rei gewiescht. Hier Meeschtesch huet eng Anästhesie - ouni déi méi invasiv Zännmedezin bei Muppen nu eemol net méiglech ass - gefaart wéi Fixfeier. An elo kënnt d'RTL Déierendoktesch Romi Roth an d'Spill.

Dowéinst hat een doheem och scho mat engem Bräi aus Neelchespolfer mat Mandelueleg probéiert d'Saach an de Grëff ze kréien, et huet dunn am ganzen Haus geroch wéi an enger aler Zänndokteschpraxis, mee dem Ëmmelie seng Zänn waren och fir déi Zort intensiv Planzemedezin schonn ze wäit fort. Wéi de Mippchen op eemol vun Zännwéi net méi friesse konnt an et aus senger Schnuff gefacht huet, dass mir an der Praxis hu missen d'Fënsteren oprappen, do huet dunn awer misse sinn: déi kleng Patientin ass schlofe geluecht gi fir hir Salle-à-Manger grëndlech an d'Rei gesat ze kréien

Déierentipp - Romi Roth - Zänn - grouss Problemer

Dat wier jo souwisou, esouguer bei Anesthésie-Risko, kee Liewe méi fir dat aarmen Déierche gewiescht. D´Muppe kënne jo net schwätzen, mee firwat solle si d´Zänn net esou wéi kënnen hu wéi d´Leit.
Mat  Baxtere fir seng Nieren a Liewerproblemer, déi mir virun der Anästhesie mat Bluttanalys diagnostizéiert haten, a mat Monitoring wärend der Narkos war et endlech méiglech, der butzeger aler Mudderchen hir Zänn ze sanéieren. Nodeem s immens vill faulen Zännsteen mam Laser fortkomm war, ware 16 Zänn nëmmi méi gutt fir gezunn ze ginn, esou vereetert a labber waren do d´Wuerzelen iwwerall. Dem Ëmmelie ass et direkt no däer Restauratiouns-Aktioun schonn vill besser gaangen wéi zanter ganz laangem. Mä seng Leit hunn dunn awer eng extra Zännbiischt matkritt fir mat enger Muppenzännseef mat Poulets-Goût an Zukunft seng 16 verbliwwe Bäissercher an der Rei ze halen.

Déierentipp - Romi Roth - Zänn - Muppenzännseef