
© Pixabay
Den Hierscht bréngt schéin orange a rout Faarwen. Et ass d’Saison fir kuscheleg doheem ze bleiwen an eraus duerch d’Fënster kucken… do wou d’Wieder sech vu senger beschter Hierscht-Säit weist: Reeschaueren, rutscheg Stroossen, Niwwel… D’Sonn huet och kuerz viru 7 Auer Feierowend a léist eis an der Däischtert. All déi Facteure suerge fir méi Accidenter wärend dem Beruffstrafic, Moies an Owes. An d’Klappjuegd Saison kënnt och nach dobäi. Déi fänkt an de nächsten Deeg un.
Vun wéini bis wéini geet d’Klappjuegd-Saison?
D'Saison fänkt dëst Joer den 19. Oktober un. Dëse Freide geet et also lass. Enn Januar ass d’Saison fäerdeg. D’Klappjuegten sinn all Joers am Hierscht respektiv Ufanks Wanter.
Op wat soll een extra oppasse wärend der Klappjuegd-Saison?
D’Wieder gëtt net besser an de nächster Méint. Eis Visibilitéit ass betraff, entweeder wéinst Reeschaueren, Niwwel oder och Schnéi. Dann hätte och mir nach rutscheg Stroossen. Et soll een einfach generell wärend dem Hierscht an dem Wanter méi virsiichteg fueren. A vun e Freideg u soll een extra op de Stroossen oppassen, och wärend dem Beruffstrafic.
Grad well et deemnächst méi däischter gëtt wärend dem Beruffstrafic, Moies an Owes. Dat huet näischt mat der Juegd selwer ze sinn, mee et ass d‘Natur. Wärend dëser Period, haaptsächlech wéinst der Däischtert, sinn méi wëll Déieren ënnerwee. Déi kommen dann zum Deel dem Beruffstrafic entgéint. Verschidde Stroosse sinn dowéinst och net fir näischt beschëldert. Esou bal een dat dräieckegt rout Schëld gesäit mam Réi drop, dann heescht et d’Vitesse reduzéieren an d’Aen ophalen.
Wärend de Klappjuegte sinn d’Chancen awer vill méi grouss Déieren op der Strooss ze gesinn?
Dowéinst hu mir all déi Schëlder déi drun erënneren op Déier a Mënsch opzepassen. Falls en Déier duerch d’Strooss leeft, kann et gutt sinn dat d'Juegd net wäit ewech ass. Evitéiert och w.e.g onnéideg ze tuten. Dat kéint d’Déieren erféieren, déi dann op d’Strooss lafen.
Wéi soll ech reagéiere wann ech engem Déier op der Strooss begéinen?
Direkt d’Vitesse reduzéieren. Bremsen a tute fir d’Déier ze erféieren. Falls et ze spéit ass fir ze bremsen, dann ass et besser an d’Déier ze rënnen. Wann ee probéiert dem Déier auszewäichen, ass de Risiko méi Héich an ee Bam ze rennen oder an een aneren Auto. De Schued kéint do vill méi héich sinn an dat kann och liewensgeféierlech sinn.
A wann et dann awer geschitt ass, an et koum zu engem Wëldaccident, wat dann?
Direkt der Police Bescheed soen. D’Déier net upaken, op kee Fall! Ob et dout ass oder net. Well en Déier dat blesséiert ass, huet Angscht a kéint Iech dann ugräifen.
A wéi bei engem normale Accident soll een d’Plaz signaliséieren, de giele Gilet undoen, sech a Sécherheet bréngen an op d’Police waarden.
Wou fënnt een all d‘Infoen zu Klappjuegten?
Op geoportail.lu fënnt een déi genee Plazen déi vun der Juegd betraff sinn. Och wann d'Leit an d'Bëscher spadséiere wëlle goen, da kann ee virdrun um Geoportail Site Kéier kucken, do sinn d'Klappjuegten agezeechent. Och wann een en Trëppeltour plange wëll, dee vläicht e puer Deeg an der Zukunft läit, kann een do rakucken an da gesäit ee schonn, ob dann eng Klappjuegd op deem Dag an där Géigend ass oder net, an et kann ee säin Tour nach op eng aner Plaz verleeën.
Mir wäerten och d’Datumer an d’Uertschaften wärend dem Trafic Info annoncéieren. Dat heescht déi Infoen fënnt dir och op RTL.lu ënnert Trafic Info.