
© Arnaud Serexhe
Haut ass den internationalen Dag vun der Organspend. Déi meescht hunn bestëmmt schonn mol dovunner héieren, mee wien huet sech schonn mol Gedanken driwwer gemaach op en och seng Organer géif spenden? Stéchwuert: Tabuthema Doud. Fir dofir ze sensibiliséieren setzen ech verschidden Organisatiounen an, well fir Leit, deenen hir Organer net méi fonctionnéieren, kann eng Organspend iwwer Liewen an Doud entscheeden. Den Owend am Magazin ass dat dann och Thema.
Lëtzebuerg ass Deel vun Eurotransplant. Dat sinn 8 Länner, déi d'Organspenden zesumme geréieren. 2023 ware knapp 13 500 Leit op der Waardelëscht fir ee Spenderorgan. Ronn 6000 konnten transplantéiert ginn, mee all Joer kommen der och nees dobäi. D'lescht Joer waren 10 000 nei Patienten op enger Waardelëscht fir een Organ.
Dat am heefegsten transplantéiert Organ ass d'Nier. Mat der Liewer ass dat och dat Organ, wat ka vun enger lieweger Persoun gespent ginn. Zum Beispill kënne Familljemember eng Nier oder een Deel vun der Liewer spenden, dofir mussen awer vill Krittäre stëmmen. Vill méi oft sinn d'Spende vun enger Persoun, déi duerch een Accident oder eng Krankheet hierdout ass. Virausgesat d'Persoun huet sech zu Liefzäiten dozou geäussert, ob si Spende wëll.
Hei am Land waren d'lescht Joer 7 Persounen Organspender, domadder konnt 22 Mënsche gehollef ginn.
Zu Lëtzebuerg ass dem Gesetz no all Mënsch ee potentiellen Organspender. D'Autoritéite roden engem awer e sougenannte "Passeport de vie" also en Organspenderpass auszefëllen an dat sou och am elektronesche Patientendossier uginn. Dat mécht den Dokteren d'Aarbecht méi einfach an evitéiert, datt d'Familljen an engem schwéieren Ament schwiereg Decisiounen huele mussen.
Am Reportage am Magazin léiert een den Owend d'Elisabetha Holzmacher an d'Sabrina Goncalves kennen. Déi zwou Fraen hunn eng chronesch Nierekrankheet a ware scho ganz jonk op eng Spendernier ugewisen.
D'Sabrina Goncalves krutt mat 18 Joer eng Nier transplantéiert. Et war déi drëtt Transplantatioun an hirem Liewen. Déi éischt hunn net laang gehalen, et weess een ni wéi laang eng Spendernier hält. Déi drëtt Transplantatioun huet 21 Joer laang gehalen. Eppes fir dat d'Sabrina Gonçalves ganz dankbar ass: "Nach haut, obwuel ech déi Nier net méi hunn, denken ech all Joers un déi Persoun mat engem klenge Bouquet Blummen an enger Käerz. Fir un déi Leit ze denken, déi gespent hunn an déi net méi hei sinn. Fir deenen einfach Merci ze soen, dass ech doduerch 21 Joer laang een normaalt Liewen hat a mäi Liewen do och opbaue konnt."

© Xavier Descamps
Elo muss si nees an d'Dialyse. Bei der Dialyse gëtt d'Blutt souzesoe gewäsch. Den Traitement ass eng Chance, d'Maschinn iwwerhëlt, déi wichteg Aufgab, déi dat eegent Organ net méi ka maachen. Trotzdeem ass en eng Belaschtung kierperlech, awer och mental. Dräi mol d'Woch muss een sech fir e puer Stonnen un esou eng Maschinn hänken.
Mat der Dialyse kennt sech d'Elisabetha Holzmacher gutt aus. 2018 muss si eng éischte Kéier an d'Dialyse a bis d'lescht Joer war ëmmer nach keng Spendernier a Vu. Et gouf an all deene Jore kee Spender, deen der jonker Fra hätt kéinten een Organ ginn. Hir Dokteren entscheeden sech dofir fir eng Transplantatioun d'incompabilité ABO. Vill Facteure mussen dofir stëmmen. Eigentlech ass der Elisabetha Holzmacher hir Mamm net kompatibel. Duerch eng Immunadsorptionstherapie kann si hirer Duechter eng Nier spenden: "Ech si wierklech frou an dankbar an ech probéieren esou vill ze profitéiere wéi et geet. Vun där Chance, déi ech kritt hunn."

© Arnaud Serexhe
Méi ronderëm d'Thema vun der Organspend gesi dir den Owend um 19h am Magazin.
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Associatiounen, déi sech mat der Organspend beschäftegen.
Protransplant
a Luxembourg Transplant