
An, bon, amplaz ëmmer mam Fanger op déi ze weisen, déi déi Lizenz net hunn, wollte mir soe mir hu se a mir wëlle mir och eng Offer ubidden. An dat hu mer elo endlech fäerdegbruecht. Natierlech e ganz flotten Internetsite loteriesport.lu, wou een da wierklech sämtlech Sportswetten, déi een eeben och kennt, kënnt dann och an aller Sécherheet mat eis spillen.
Et huet een d'Wiel, tëscht knapp 40 verschiddene Sportaarten an et kann een och wielen wéi ee seng Wett ka maachen. Wéi geet dat iwwerhaapt?
Komm mir huelen ee Fussballmatch, da sinn do Leit, déi definéieren d'Quoten, komm mir soen et ass Bayern géint Real. Wann et dann heescht de Bayern huet d'Quote vun, ech soen emol 2 a Real Quote vu just 1, dat heescht et ass ganz probabel, datt de Real gewënnt, laut deene Bookmaker, ka mir soe mer esou. An da kann ee soen, ech weess et besser oder ech gleewen dat, da kann een dorobber wetten oder op ee Gläichspill wetten. An dat, wat een dann asetzt, muss mer soen, dat sinn 10 Euro an, dat kritt een da mat där Quot, fir déi ee gesat huet, wann ee richteg getippt huet, dann ausbezuelt.
Knapp ee Mount nodeems loteriesport.lu online gaangen ass, ass ee ganz zefridden.
Mir gesinn och elo, datt dat e gudde Choix war. Mir kréien ëmmer méi Spiller bei eis op de Site an datt d' Leit awer och gäre mat eis spillen an och eeben dat Vertrauen an deen Numm, ech mengen elo d'Loterie nationale schonn elo bal 80 Joer bekannt, esou datt se och ganz gären dann déi Offer unhuelen.
An dann nach e wichtege Punkt nieft enger Lizenz hunn, hannert der Loterie Nationale steet jo och d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte. Dat heescht, verléiert een eng Wett, sinn déi Suen awer net verluer, am Géigesaz zu aneren Internetsitten, déi een net kennt.
Wann een op engem anere Site spillt an et verléiert ee seng Suen oder et wënnt een, ass dee Site seriö? Kritt ee seng Suen? Déi Froe muss jiddweree sech selwer beäntwerten. Mir héieren ganz oft, datt do Problemer sinn. An dann effektiv awer, et soll keen Argument sinn, fir ze spillen. Mee wann een awer seng Sue scho verléiert an et weess een dann trotzdeem, dat wat ech elo hei verluer hunn, dat bleift hei am Land. An et bleift hei am Land doduerch, datt et dann a gutt Wierker agesat gëtt. An där hu mer vill, vill Besoin hei am Land. An dat gëtt eeben och vun der Oeuvre gemaach.
Kuckt op: