Kënschtlech Intelligenz (KI) huet an de leschte Joren enorm Fortschrëtter gemaach a bitt vill Virdeeler, vun der Automatiséierung bis zur Verbesserung vu medezineschen Diagnosen. Awer mat deene Fortschrëtter kommen och eng ganz Partie Risiken. KI Voice Scam ass eng nei Form vu Bedruch, bei där Kënschtlech Intelligenz benotzt gëtt, fir d’Stëmm vun enger Persoun z'imitéieren.

21/10/2024 AI - Voice Scam

Dëst gëtt mëttlerweil gebraucht, fir gefälschte Noriichten oder Uriff ze maachen, déi wéi echt kléngen a Leit z'iwwerzeegen, sensibel Informatiounen erauszeginn oder Suen z'iwwerweisen. De Jeff Kaufmann vu Bee Secure kläert eis op:

Wa mer vun AI schwätzen, schwätze mer jo oft nach vu kënschtlecher Intelligenz, mee u sech sinn dat Programmer, déi hautdesdaags fräi verfügbar sinn am Internet, kléngt e bësse wéi Science Fiction, mee et ass ganz einfach méiglech hautdesdaags zum Beispill elo Gesiichter an engem Video ze tauschen, d'Stëmme vu Leit ze kopéieren, andeems een einfach esou en dräi Sekonnen Ausschnitt huet vun enger Stëmm an déi esou eppes soen ze loossen. An do gëtt een dann am Textfeld dat Gewënschtent an an dann dréckt een op "Generate" an dann huet een innerhalb vu Sekonnen déi Stëmm, déi dann dat seet, wat do an deem Text steet.

An dem Kader ass et mëttlerweil och méiglech fir ganz neie Contenu mat KI ze schafen, wat deenen Onéierlechen et nach méi liicht mécht fir nei Arnaquen ze stellen, wéi mer och elo rezent héieren hu mat Uriff vun enger Bank oder vun enger Plattform wéi rezent elo Google.

Do ass elo rezent eng Noriicht erausgaangen, dass et effektiv Scams ginn ronderëm alleguerten déi Persounen, déi Mail Accounte bei bei Google hunn dat si jo dann déi Gmail.com Accounts, dass et do och effektiv eng Kombinatioun wier, vu falschen E -Mailen, déi supposedly vu Google verschéckt ginn, an awer och Telefonsuriff, déi och mat engem Voice-cloning duerch AI fonctionéieren.

Et ass net méi esou einfach fir den Ënnerscheed ze maachen, besonnesch och wat Biller a Fotoen, awer och Videoen ubelaangt. Wéi kann een sech do orientéieren?

Ech maachen e Screenshot vum Bild, an da gëtt et esou eng Säit, bei Google selwer, oder Tinyeye.com, wou een déi Biller da kann erakopéieren an dann ass et nach esou, dass een elo nach e Fake kann erkennen. Wann déi Saachen natierlech besser gemaach ginn, do muss ee wierklech schonn an den Detail goen, da fält et engem och net méi esou einfach, fir do wierklech den Ënnerscheed ze maachen.

Bee Secure lancéiert den nächste Mount eng nei Campagne fir op all déi Saachen nach emol opmierksam ze maachen.