... 225 Joer geet di franséisch Revolutioun op en Enn, wéi de Napoléon Bonaparte zum Éischte Konsul vu Frankräich ernannt gëtt.

10/11/2024 Haut virun...

Haut viru 9 Joer stierft dee Mann, deen iwwerall huet dierfe fëmmen. De fréieren däitsche Bundeskanzler Helmut Schmidt gëtt 96 Joer al.

Virun 42 Joer ass et den Dout vum sowjetesche Staats- a Parteichef Leonid Breschnew. Säi Successeur gëtt de Juri Andropow.

Haut ass de Weltdag vun der Wëssenschaft. 2001 gëtt dëse vun der UNESCO an d'Liewe geruff fir ze verdäitleche wéi wichteg d'Wëssenschaft fir jiddwer Eenzelen ass am Sënn vu Fridden an Entwécklung.

RTL

© Pixabay

Fir d'Entwécklung vu Millioune Kanner zoustänneg ass zanter 1969 d'Emissioun Sesamstrasse. Haut viru 55 Joer leeft an Amerika di éischte Folleg.

Viru 99 Joer kënnt a Wales dee Mann op d'Welt, deen 2x mam Liz Taylor bestuet war - den Acteur Richard Burton.

1928 kënnt den italieenesche Komponist fir Filmmusek Ennio Morricone op d'Welt.

40. Gebuertsdag fir de franséische Museker Benjamin Duterde - besser bekannt als Ben L'Oncle Soul.

Stafhéichsprong huet mat him eng nei Dimensioun krit - säin aktuelle Weltrekord läit bei 6m26 - 25 Joer al gëtt den Armand Duplantis.

2008 stierft "Mama Afrika". Sou gëtt di südafrikanesch Sängerin Miriam Makeba genannt, well se nieft der Musek och politesch an humanitär engagéiert ass. Si stierft un engem Häerzinfarkt, dee se den Owend virdru bei engem Concert an Italien erlidden hat.

An 2009 geet den däitsche Golkipp Robert Enke vun eis.