Fir de Britt war et de perfekte Weekend. Nom Sprint gewënnt hien och d'Course virum Kimi Antonelli an dem Max Verstappen. De Piastri huet vill verluer.

De Parcours vun Interlagos schéngt dem Max Verstappen ze leien. Genee wéi d'lescht Joer ass den Hollänner vu ganz hannen nach op de Podium gefuer. Driver of the Day war de Lando Norris, deen eng Start-Zil-Victoire feiere konnt a wéi am Sprint virum Kimi Antonelli an d'Zil koum. Den George Russell gouf am zweete Mercedes op Plaz 4 an huet sech dem Verstappen musse geschloe ginn.

Fir den Oscar Piastri war et kee gudde Weekend. Den Australier koum net iwwer déi fënneft Plaz eraus, woumat säi Réckstand op den Norris am Generalklassement weider gewuess ass. Den Oliver Bearman, Liam Lawson, Isack Hadjar, Nico Hülkenberg a Pierre Gasly ware mat hire Resultater sécher och zefridden, well si an d'Punkte koumen.

Well de Gabriel Bortoleto bei sengem Heem-Grand-Prix schonn am éischten Tour ausgefall war, well hien no enger Touchette vum Stroll an der Kéier 10 d'Mauer gekësst hat, gouf de Safety Car erausgeschéckt.

Wéi d'Course no 2 Ronnen hannert dem Safety Car nees lancéiert gouf, koum et zu engem weideren Incident. De Piastri huet bei engem Iwwerhuelmanöver den Antonelli getéckt a gedréint, deen ass dunn an de Leclerc gerutscht. De Monegass huet dobäi e Pneu verluer an huet säin Auto e puer Meter méi wäit mussen ofstellen. Well de Lewis Hamilton säin Auto e puer Ronne méi spéit och ofgestallt huet, war et eng schwaarz Course fir Ferrari.

Dem Max Verstappen ass eng weider Kéier eng phenomenal Course gefuer: Vu ganz hanne gestart an no e puer Ronne sech nach e Platten agefaangen, an trotzdeem um Podium. An de leschte Ronnen huet den Hollänner den George Russell iwwerholl a war no drun, fir och nach de Kimi Antonelli ze schlécken. De jonken Italieener huet sech awer net vum Weltmeeschter iwwerrasche gelooss a seng zweet Positioun verdeedegt. Fir hien ass et den zweete Podium a senger F1-Karriär.

Am Generalklassement huet den Norris elo 390 Punkten um Kont, dat si 24 Punkte méi wéi säin Teamkolleeg Piastri. Och de Verstappen huet mat 341 Punkten nach ëmmer Chancen op d'Titelverdeedegung. Et bleiwen nach dräi Courssen ze fueren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PREMIO DE SAO PAULO 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025