E Sonndeg den Owend ass en delikate Concert an der Philharmonie um Kierchbierg.

De philharmoneschen Orchester vun Israel trëtt op. Wéinst dem Virgoe vun der israeelescher Regierung an der Gazasträif gëtt et och Kritik un der Programmatioun.

Zwee Mouvementer, de BDS-Kollektiv a CollectivesForPalestine, hunn e Sonndeg den Owend e friddleche Protestpiquet virun der Philharmonie organiséiert.

Eis Reporter op der Plaz mellen, dass eng 50 Manifestante sech do versammelt hunn. Den Dispositif vun der Police ass seriö. Eise Reporter zielt op mannst sechs Policeween.

D'Manifestante reprochéieren der Philharmonie d'Dote vun der israeelescher Regierung iwwer d'Konscht wäisszewäschen. D'Direktioun vun der Kulturinstitutioun, grad ewéi de Kulturminister Eric Thill, weisen déi Reproche vu sech.

An den Ae vum DP-Minister däerf ee Konscht a Politik net matenee vermëschen, och wann een d'Situatioun am Noen Osten natierlech kritesch observéiere sollt.

Zu Paräis an der Philharmonie gouf de Concert vun den israeelesche Philharmoniker e puer mol vu pro-palästinensesche Manifestante gestéiert. Véier Persoune waren doropshi vun der franséischer Police an de Garde à vue gesat ginn.

D’israeelesch Philharmonie ënnert der Leedung vum Dirigent Lahav Shani gëtt Beethoven an Tchaikovski zum Beschten. De Concert ass um 19.30 Auer.

Protestpiquet géint de philharmoneschen Orchester vun Israel
E Sonndeg den Owend war en delikate Concert an der Philharmonie um Kierchbierg.