
Am Moment ass de Weltkongress vun de Käch zu Singapur am Gaang. An deem Kader organiséiert d'Word Chefs Association och all 2 Joer de Global Chefs Challenge. Heifir konnt sech d'lescht Joer zu Rimini an Italien e Lëtzebuerger fir d'Finall qualifizéieren. E formidabelen Exploit.
An dat an der Ecole d'Hotellerie et de Tourisme du Luxembourg zu Dikrech. Wëll do ass eise Lëtzebuerger Kandidat, de Steve Lentz, Enseignant.Mir hu mol de Bols gefillt?
Also natierlech och e bëssche nervös, wëll e sech jo awer am Fong mat der ganzer Welt muss duelléieren, an di Bescht jo schonn am Virfeld eraus gesicht goufen. Mir hunn am Fréijoer ugefaange mat de Rezepter an dunn getest a probéiert bis mir gesot hunn, elo hu mir dat wat mir gären hätten. An dann hu mir ëmmer esou bal wéi Zäit war trainéiert, esou laang bis all Handgrëff sëtzt.
Zesumme steet hien mat séngem Commis dem Lucas Andrieux muer zu Singapur an der Kacharena. E wichtege Posten.
Immens wichteg. Ouni Commis géif et guer net goen. dat weess jiddereen deen an der Gastronomie ze dinn huet. An dësem Fall ass et esou dass de Commis alles dierf maachen, an e mécht dann och alles vum Dressage bis bei Zerwéieren.
Wéi fillt de Lucas sech?
Also bis elo nach ganz gutt. E bëssche gestresst bis mir ufänken, mee da si mir do!
E ganz raffinéierten 3 Gang Menu gouf sech ausgeduecht, a gëtt muer vrum internationale Jury zerwéiert.


Als Entrée hu mir Cresson mat dran. Do muss dat als Haapt Ingredient benotzt ginn. Do hu mir eis fir Shiso an Melisse entscheet. Domadder maache mir e Flan, do hu mir gefëllte Brioche Bällercher, alles am vegan, Schaum aus Nëss.
Den Haapt Plat do hu mir e petit vivier, tourte e bëssche franséisch. Dann hu mir eng Demi-Glace gemaach, mat Beifuss. Kraider déi mir och hei an eise Bëscher fannen. Déi si mir dohi siche gaangen, gedréchent, an domadder reechere mir.
Den Dessert, do hu mir eis e klénge Spaass erlabt. Deen heescht Alles Kaabes. Dat heescht dee ganzen Dessert dréit sech ëm Kabes, di ganz Kabes Famill.
Jo et ass e vegane Menü, eng nei Kategorie beim Global Chefs Challenge. Den Alain Hostert, Continental Director bei Worldchefs erkläert.
Natierlech vegan ass eppes wat eng gewëssen Tendenz ass, Plant based. An do sote mir als World Chefs mir kënnen do elo net net mat maachen, an dofir ass dee Concours an d'Liewe geruff ginn. Am Ganze gëtt da fir 8 Leit gekacht, Entrée, Plat, Dessert, op veganer Basis. An dat aller Wichtegst et geet ëm Geschmaach. 50 % vun de Punkte leien um Geschmaach, an et schmaacht alles perfekt wat ech bis elo krut.
Mir drécken Daumen fir muer dass den Exploit geléngt, Let's make it happen, oder soss, wéi war dat scho méi mat der Deviis vum Här Coubertin: Dobäi sinn ass alles.

A Fotoe vum leschten Training vrum Challenge zu Singapur, déi gesi mir op www.radio.rtl.lu Halen dee Concours natierlech am A, a soen iech wéi et fir de Grand-Duché ausgaangen ass.