
© Nadine Baur, Massothérapeute Wellness Center Coque, RTL
Séier um Büro iessen an niewebäi nach op Mailen äntweren? Léiwer net. D'Mëttespaus kann een och fir sech selwer notzen a mol kuerz aus dem Alldag flüchten. Iwwer déi nächst Woche presentéiere mir Iech verschidden Aktivitéite fir d'Mëttespaus! Dës Kéier geet et fir eng Massage an d'Coque.
Ënnert enger Anti Stress Massage stellen déi meescht Leit sech warscheinlech eng relax Wellness Massage vir. Fir d’Mëttespaus wier dat awer éischter kontraproduktiv, seet d'Massothérapeute Nadine Baur aus dem Wellness Center vun der Coque. Wärend enger relaxer Wellness Massage gi Bluttdrock an Adrenalin nämlech erof. Domat kënnt dann och Middegkeet, wat net onbedéngt vu Virdeel ass, wann een duerno erëm schaffe geet.
Nadine Baur: "Je préconise plutôt un massage dynamisant et énergisant, qui va vraiment activer le flux sanguin et vraiment apporter un coup de boost à la personne. Parce que souvent les clients arrivent ici et ils sont fatigués."
Stress äussert sech virun allem duerch eng schlecht Kierperhaltung an sougenannten Troubles Musculo Squelettiques. Leit déi virum Computer schaffen, hunn zum Beispill oft e Rundrücken an doduerch Wéi an der Nuque an tëschent de Schëllerblieder. Well een an deene meeschte Beruffer och vill sëtzt oder steet, fänkt d’Nadine seng Massagen bei de Been un, fir d’Blutt-Zirkulatioun unzereegen. Duerno ass dann de Réck drun.
Nadine Baur: "On va d’abord échauffer un petit peu les muscles et tout le dos. Ensuite on va vraiment appuyer des points de pression. Moi j’utilise également mes deux pouces et je rentre vraiment dans la tension. Alors je vais suivre tout le muscle, parce qu’en général c’est toute une chaîne de muscle qui est investi dans cette douleur très précise."
Wéi laang d’Wierkung vun esou enger Anti Stress Massage unhält, kann een net generaliséieren. Wann ee scho jorelaang domat gehäit ass, verschwanne muskulär Verspanungen a Péng natierlech net mat enger eenzeger Massage. Trotzdeem géif een zimmlech séier eng Besserung mierken, esou d’Nadine Baur.
Nadine Baur: "Moi je dirais, qu’au bout de deux ou trois séances, il y aura des nettes améliorations pour des tensions rebelles et anciennes. Certaines personnes me disent que le massage a tenu des mois. Parfois il y a des douleurs qui viennent d’un nerf qui est coincé, parce que le muscle est tellement tendu. Il suffit qu’on détende le muscle pour que ça relâche le nerf et ça règle le problème."
Tipps fir Entspanung a géint Stress vun der Massothérapeute:
- Net ze laang stoen oder sëtzen. Tëschenduerch ëmmer erëm beweegen.
- Reegelméissege Stretching
- Otem-Übungen
- Punkten déi wéi dinn selwer mat e bëssen Drock masséieren