
© Maison du Grand-Duc
... 43 Joer kënnt de neie Lieutenant-Représentant an zukünftege Grand-Duc de Prënz Guillaume op d'Welt.
Zu Köln feiere se haut den Ufank vun der 5. Joreszäit - um 11.11. um 11 Auer 11 fänkt d'Fuesent un.

© Pixabay
"Sankt Martin" an Däitschland - bei eis ass et de Mäertesdag, de Namensdag vum hellege Mäerten, deen haut gefeiert gëtt.
Virun allem an Asien gëtt den "Dag vun de Singele" gefeiert, mat Karaoke an Datingpartyen - gläichzäiteg ass et dee gréissten Onlineshopping-Dag vun der Welt.

© Pixabay
1918 gëtt zu Compiègne an Frankräich de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich an den Alliéierten ënnerschriwwen. Et ass d'Enn vum Éischte Weltkrich. D'Englänner nennen dat de "Remembrance Day", a Frankräich an an der Belsch ass et de "Jour de l'Armistice".
Haut viru 50 Joer trëtt hei zu Lëtzebuerg e Gesetz a Kraaft, no deem Friemgoe keng Strofdot méi ass.

© Pixabay
De sougenannte "Codex Leicester" ass eng gebonne Sammlung vu wëssenschaftleche Schrëften, Notten, Skizzen an Zeechnunge vum Leonardo da Vinci. Se gëtt haut virun 30 Joer zur deierster Handschrëft vun der Welt, wéi de Bill Gates di Sammlung fir knapp 31 Milliounen Dollar steet.
Zu Ettelbréck denke se haut bestëmmt drun - 1885 kënnt den George Smith Patton op d'Welt, onbequeemen US-amerikanesche Generol, deen entscheedend um Ausgang vun der Ardennenoffensiv bedeelegt war.

© rtl.lu
Zu Hollywood feiere se haut och - 62 Joer al gëtt d'Demi Moore, an et ass de ronne 50. fir de Leonardo di Caprio.
... an da sinn et haut nach 50 Deeg bis Silvester!

© Pixabay