An der aktueller Episod vum Podcast iwwert d’Déiere ginn Déierepensiounen thematiséiert. En Thema, dat viru kuerzem an der Aktualitéit war. Op d’Froen huet d’Bérit Majeres geäntwert. Si ass Veterinärin an Inspecteur vétérinaire bei der ALVA, der Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire.

21/10/2024 Pattcast Déierepensiounen (rtl.lu)

Wann ee säi Mupp oder seng Kaz an enger Déierepensioun wärend enger Vakanz wëll versuerge loossen, da wëll een, datt dat an de beschtméigleche Konditioune geschitt. Fir d’éischt soll ee sech vergewësseren, datt déi Déierepensioun déi néideg Autorisatiounen huet. Bérit Majeres:

«Also den éischte Wee ass mol fir d’Éischt d’Pensioun ze froen an och gegebenenfalls ze soen, hei weist mir déi Autorisatioun an net ze soen, ok, Dir hutt mir jo lo gesot Dir hutt eng jo, mee och wierklech ze soen, da weist mir se. A mat der Autorisatioun d’établissement an all déi Autorisatiounen ass natierlech och ëmmer ugeroden, déi Saachen ze froen, fir datt alles an der Rei ass. An da sollt ee sech, wann ee sech fir eng Pensioun entscheet, sech déi Pensioun ëmmer ukucke goen. Dat heescht, selwer ra kucke goen. Wann d’Leit well net wëllen, datt ee kucke geet, géif een jo da  vläicht soen, jo gutt, wann ech net ka kucke goen, wéi mäin Déier gehale gëtt, da wäert ech et warscheinlech éischter net dohinner ginn»

Erfarung an d’Formatioune sinn och wichteg Krittäre bei der Sich no enger seriöer Déierepensioun.

«Och de Kontakt an d’Kommunikatioun net nëmme mat den Déieren mee och mat de Cliente spillt eng grouss Roll dobäi. Well ech ka sou gutt si mat den Déiere wéi ech wëll, wann de Proprietär so mir mol an der Vakanz ass an hie freet no wéi et geet an hie kritt keng Äntwert, da kann et dem Déier sou gutt goen wéi et wëllt, de Proprietär ass net gutt drun a fillt sech trotzdeem net gutt encadréiert. An dat gehéiert natierlech och dozou. Et ass net nëmmen de Volet vum Déier, deen natierlech dee Gréissten an eisen Aen ass als Service Bien-être animal, awer et gehéiert och eng gewësse Kommunikatioun och mat de Clienten dozou.»

Wann engem eppes opfält, wat net an der Rei ass sief et an enger Déierepensioun, an enger Déierecrèche oder am Allgemengen bei der Haltung vun Déieren, da kann ee sech mat Fakten op help@deier.lu mellen. Dobäi soll just d’Wuel vum Déier am Vierdergrond stoen.

Dës ganz Episod vum Pattcast fannt Dir op rtlplay.lu an op den anere Podcast Plattformen.