... 60 Joer dankt d'Grande-Duchesse Charlotte of, an hire Jong Jean gëtt neie Groussherzog vu Lëtzebuerg.

12/11/2024 Haut virun...

Haut virun 129 Joer gëtt mam "Automobile Club de France" de weltwäit éischten Automobilclub gegrënnt. Eng Aart "Gentlemen's Veräin", an deem bis haut keng Fraen zougelooss sinn. Eisen ACL huet 1932 säi Gebuertsjoer.

3 Deeg nom Fall vun der Mauer ass et 1989 "das Konzert für Berlin". Ronn 50.000 Fans aus Ost a West erliewen zu Berlin dësen däitsch-däitsche Rockconcert - ënnert anerem trieden op: den Udo Lindenberg, de Marius Müller Westernhagen, Bap, Silly, d'Puhdys, den Joe Cocker, d'Melissa Etheridge, d'Nina Hagen, die Toten Hosen, an als lescht vun der Bün geet d'Nena.

1996 kënnt et zum bis haut schwéiersten Accident an der Loft. Iwwer Indien kollidéieren eng kasachesch Transport- an eng saudiarabesch Passagéiermaschinn. Allen 349 Mënschen u Bord vu béide Fligere kommen ëm d'Liewen.

Den däitschen Humorist, Zeechner, Acteur a Regisseur Vicco von Bülow kënnt 1923 op d'Welt - de Loriot.

Viru 95 Joer ass et d'Gebuert vum däitsche Schrëftsteller Michael Ende. Zu senge bekanntste Wierker zielen "Die unendliche Geschichte", "Momo" an "Jim Knopf und Lukas der Lokomotivführer".

Och 1929 gebuer war d'Gracy Kelly. Di bekannten Actrice déi spéider zur Prinzessin Gracia Patricia vu Monaco sollt ginn.

A nach eng Kéier Hollywood - 1980 kënnt de Ryan Gosling op d'Welt. Hie war schonn 3x fir en Oscar nominéiert, an hat d'lescht Joer e grousse Succès wéi en dem Barbie säi Frënd Ken gespillt huet.