Sou Gespréicher kennt een. 'Kuck wat hat hien vu sengem Sport. All Dag mam Vëlo an 5km gelaf, an elo ass hien awer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.' Den Dr Marc Keipes, Direkter am grousse GesondheetsZenter op der Gare, geet deenen Aussoen no, a kuckt wat do drun ass. 

Jo eis Oderen ginn schonn am Alter vu 25-30 bei de Männer, ab 40 bei den Dammen lues a lues méi al. Dat ass eng Selbstverständlechkeet. Tëscht der 'Intima' dat ass déi bannenzegt Couche an den Oderen. Déi soll verhënneren dass eist Blutt gerënnt. Wa mer eis schneiden soll et gerënnen, an den Oderen idealerweis net. An der 'Media' wat eng Muskelcouche ass an den Oderen, fir dass den Duerchmiesser vun der Oder kann ugepasst ginn, sëtzt sech Cholesterol an och Zellen aus dem Immunsystem of. Also net bannen an den Oderen, wéi de Kallek an eiser Waasserleitung oder den Heizungsréier.

Dr Marc Keipes - Sport an Häerzinfarkt - Info

Déi Placken reduzéieren den Diameter ganz e wéineg a sinn dofir och ganz schwiereg ze fannen mat deenen üblechen Untersuchungen. Dee Schutzdeckel, deen iwwer där Plack ass, kann emol lassgerappt ginn, well dee fragil ass, wann een en extremen Effort mécht oder enger extremer Stresssituatioun ausgesat ass. Dat gesäit een och heiansdo a Filmer, et reegt ee sech op, fiert sech un d'Broscht a fält dout ëm.

Dat ass eben well déi Oder déi zu 85% op war bis dohinner, dann duerch déi Iwwerreschter vun deenen Zellen mat dem Cholesterol dann bemol eng aktiv Koalugatioun an där Oder mécht, an da geet se vu 85% op, op 0% op, also ganz zou, an déi Zellen déi hannendrun op Sauerstoff ugewise sinn, déi stierwen. Also wann der elo an der Wuermer Mauer, de Kolleegen aus dem Vëlosclub wëllt weisen, wou de Bock d'Lach huet, da maacht léiwer awer lues. Eng Oder déi einfach sou zou geet, kann och déi lescht sinn.

Dr Marc Keipes - Sport an Häerzinfarkt - oppassen