... 9 Joer stierwen zu Paräis bei 5 terroristeschen Attacken 130 Leit, knapp 700 ginn zum Deel uerg blesséiert.

13/11/2024 Haut virun...

E Vëlo dee flitt - dat ass 1907 dem Paul Cornu seng grouss Erfindung. Säin Apparat huet 4 Rieder an e V8 Motor deen iwwer Rimmer 2 Probelleren undreift. Den éischten Helikopter vun der Welt flitt haut virun 117 Joer wärend 20 Sekonnen eng 30cm iwwert dem Buedem. Well en sech net steiere léisst, gëtt d'Iddi geschwë rëm verworf.

RTL

© unknown

1951 streide sech d'Wënzer aus der Regioun Beaujolais zu enger Ausnamereegelung am franséische Wäinrecht. Si dierfen hire neie Wäin schonn am Joer vun der Produktioun verkafen. Den Dag op deem de "Beaujolais Nouveau" erauskënnt, ass entretemps op den 3. Donneschdeg am November festgeluecht.

RTL

© Pixabay

An der Suite vum sougenannte "Busboykott vu Montgomery" decidéiert 1956 den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA, dass Gesetzer zur Rassentrennung an ëffentlechen Transportmëttele géint d'Verfassung verstoussen.

1994 stëmmen 52% vun de Schweden fir e Bäitrëtt zur Europäescher Unioun. Dee selwechten Dag séchert sech den Däitsche Michael Schumacher fir di éischte Kéier de Formel 1 Weltmeeschtertitel no engem diskutabele Manöver géint säin englesche Rival Damon Hill.

Haut viru 5 Joer stierft de "Poupou". Sou gëtt de franséische Cyclist Raymond Poulidor genannt. Hie gëllt als deen "éiwegen Zweeten". Hie konnt ni den Tour de France gewannen, hat och ni de maillot jaune op de Schëlleren, a stoung awer 8x zu Paräis um Podium.

D'Oscar- a Grammygewënnerin Whoopi Goldberg (richtege Numm Caryn Elaine Johnson) gëtt haut 69 Joer al.