
© Pixabay
... 30 Joer geet de sougenannten "Eurotunnel" tëscht Frankräich a Groussbritannien fir de Verkéier op. De Bau vum 50km laangen Tunnel ënnert der Manche war mat 15 Milliarden Euro duebel sou deier wéi geplangt.
Di amerikanesch Reporterin Nellie Bly start 1889 am Optrag vun enger New Yorker Zeitung, fir dem Jules Verne seng Rees ëm d'Welt an 80 Deeg effektiv an d'Realitéit ëmzesetzen. No enger Rekordzäit vun 72 Deeg kënnt se rëm am Big Apple un.
De sougenannte "Salto Ángel" hält och e Rekord. Dee vum héchste Waasserfall vun der Welt. Den amerikanesche Buschpilot Jimmie Angel entdeckt dëse 1933 am Südoste vu Venezuela. En ass 979m héich, an di Eenheemesch nennen de Waasserfall "Kerepakupai Vena", wat ongeféier "Uert vum déifste Sprong" bedeit.
An der "Operation Mondscheinsonate" bombardéieren di Däitsch 1940 di englesch Stad Coventry. Se gëtt sou staark zerstéiert, dass di Aart a Weis unzegräifen duerno mam Begrëff "coventréieren" bezeechent gëtt.
20 Joer no der Hëllefsaktioun fir Afrika vu "Band Aid" kommen haut virun 20 Joer op e Neits e sëllege bekannte Museker zesumme fir d'Lidd "Do they know it's Christmas" nei opzehuelen. Um Projet "Band Aid 20" bedeelegt sinn ënnert anerem: Paul McCartney, Bob Geldof, Midge Ure, Chris Martin, Robbie Williams, Bono, Keane, Joss Stone, Travis, Moloko, Snow Patrol a Katie Melua. D'Single gëtt an England di meeschtverkaafte vum Joer, an di lescht, déi sech physesch méi wéi eng Millioun mol verkeeft.
1840 gebuer gëtt de franséische Moler an Impressionist Claude Monet.

© Pixabay
1907 kënnt d'Astrid Lindgren op d'Welt, schweedesch Kannerbuchauteurin, déi d'Geschichten erfonnt huet ronderëm Pippi Langstrumpf, Michel aus Lönneberga a Ronja Räubertochter.
Charles Philip Arthur George - dat sinn all seng Virnimm - zanter 2 Joer ass en de "King Charles III", en gëtt haut 76 Joer al.
Ronne 70. Gebuertsdag fir di amerikanesch Politikerin a fréier Ausseministesch Condoleezza Rice.
60 Joer al gëtt den Joseph "Run" Simmons - US-Hiphopper vun der Kultband Run DMC.
Virun 10 Joer stierft de Glen A. Larson. Amerikanesche Produzent a Createur vu sëllege bekannten Tëleesserien, wéi "Battlestar Galactica", "The Six Million Dollar Man", "Quincy", "The Fall Guy", "Magnum PI" a "Knight Rider". Den "A" a sengem Numm Glen "A" Larson steet iwwregens fir Albert.