Spaghetti, Farfalle oder awer vläicht léiwer Penne? Nuddele sinn net nëmmen onkomplizéiert a séier ze preparéiere mee och vum Goût hier immens beléift. Bei Regimmer déi sech géint Kuelenhydrater ausschwätzen, sti se allerdéngs dacks op der rouder Lëscht. D'Diskussioun doriwwer ob Nuddelen dann elo wäertvoll Energiespender sinn oder awer just nëmmen deck maachen, ass op jiddefalls nach ëmmer net vum Dësch.

25/10/2024 Wéi gesond sinn Nuddelen?

Fakt ass, dass Nuddele sech séier verdaue loossen, also mol méi séier wéi Fett an Eewäiss. Fir Sportler sinn Nuddele vun dohier e beléifte Plat well se a kuerzer Zäit Energie liwweren. D'Kuelenhydrater splécke sech am Mo zu Zocker op an dat dreift de Bluttzockerspigel an d'Luucht. Well awer e Bluttzockerspigel dee permanent ze héich ass, ongesond ass, gëtt Insulin ausgeschott. De Kierper verbraucht d'Energie aus den Nuddelen also net direkt mee späichert se. Wann een elo Sport mécht, ginn dës séier nees verbraucht mee wann een net vill Kalorie verbraucht, da wiisst een...awer an d'Breet.

Also ouni Sport keng Nuddelen?
Esou pauschal kann een dat elo net soen. Et kënnt vill méi op d'Quantitéit déi een ësst an dann och wat ee soss nach um Teller huet. Wien elo eng gutt Carbonara ësst, riskéiert duerno duerch de Buedem ze goen. Dat ass jo och e Plat dee gutt siedegt an och net u Kalorie spuert wann ee kuckt wat do sou alles dran ass. Ma et geet awer och méi light, zum Beispill einfach mat frëschen Tomates cerises, e bëssi Knuewelek, Olivenueleg a Basilikum.

Wie sech equilibréiert ernäre wëllt, muss deemno net op Nuddele verzichten.
Nee, mee idealerweis gräift een op Vollkorn-Nuddelen zréck well dës méi laang brauche fir verdaut ze ginn an deemno och méi laang sat maachen. Ma déi schmaachen awer nach laang net jidderengem. Den idealen Teller sollt, egal ob elo Vollkorn oder normal, sollt esou ausgesinn, dass net méi wéi e véierel mat Kuelenhydrater gefëllt ass. Also an dësem Fall Nuddelen.

An da soll awer och nach d'Dauer vum Kachen eng Roll spille wann et ëm d'Gesondheet geet. Do heescht et, wat méi al dente, wat den Zocker manner an d'Luucht gedriwwe gëtt. Also ëmmer schéi bëssfest iessen, da geet den Zockerspigel och net der Däiwel. Ofgesinn dovunner huet déi handelsüblech Nuddel bei eis vill Mineralien, ass net fetteg an och net schwéier.

Alles an allem ass d'Nuddel definitiv net ongesond, et sollt een ebe just oppasse mat wat ee se kombinéiert, wéi vill een um Teller huet, ob een aktiv ass oder net a wéi dacks ee se ësst.