An der Coronazäit hu mir alleguerten - wa mer krank waren - Bekanntschaft mat enger neier Technik gemaach, déi vun der Téléconsultatioun. A wat fir déi grouss Patienten funktionéiert, kann fir déi kleng, dach och net schlecht sinn, oder? D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e Fall aus der Praxis matbruecht, wou een dat op d'mannst unzweiwele kann.

D´Meeschtesch vun der Golden-Retrieverin Nina hat iwwert dem propper maachen nom Trëppeltour an der Bikiniregioun vun hirem Mupp, a méi genau just un deem sengem Meedercherkickes, eng kleng mee pechschwaarz Flaatsch Haut gesinn. An hirer Panik, well si natierlech direkt un ee Melanokarzinom, 'die Königin der Geschwülste', geduecht huet, huet si mam Handy direkt Fotoe gemaach an déi an d´Praxis geschéckt. Wéinst Liichtreflexer, déi e Bild ëmmer emol anescht kënnen ausgesinn wéi d´Realitéit, huet et op deene  Fotoen dono ausgesinn, wéi wann d´Nina op där Plaz eng Nekros, also ofgestuerwe Schläimhaut hätt. An der Géigend vum Daarm  e ganz héije Risiko fir eng Sepsis, eng Bluttvergéftung.

Romi Roth - Tëlee-Veterinärmedezin - Fall

An da gëtt et och nach en zweet Beispill vun enger Diagnos déi anescht ausgefall ass wéi wann op Basis vun der Foto hir gehandelt gi wier. Dat hei och kënnen an d'A goen. A genee bei deem Sënnesorgan si mer och elo.

Och d´Handyfoto vun engem A vun engem klenge Kueder, op deem ee gemengt hat , e grénge Star mat engem Schwier vun der 'Cornea' ze gesinn, war leschten Enns- a glécklecherweis- een Telefake duerch Phenomener, déi tëscht der Realitéit an dem Bild um Handy villes  verformen oder verfierwe kënnen. De grénge Star, medezinesch 'Glaukom' genannt, wier e schlëmmen Diagnostik gewiescht: do kënnt et zu ze vill Drock am A, wouduerch dat terribel wéi deet. A wien schonn emol e Stëbskär am A hat, kann nofillen, wéi wéi e Lach an der 'Cornée' doe muss. Och hei konnt an der Praxis den Alarm schonn ofgeblose ginn, direkt nodeems mir de Kiederchen  aus sengem Transportkuerf geholl haten.

Romi Roth - Tëlee-Veterinärmedezin - Diagnos