Wien am Summer schonn zu Berlin war, konnt do - wann et däischter gëtt - gesinn wann d'Brandenburger Tor oder de Regierungsquartier sech verwandelen, an allméiglech faarweg Biller oder d'Geschicht quasi als Dokumentatioun drop projezéiert ginn. Nach bis de 27ten Oktober kann een och op der Plëss an der Stad beim Square Jan Palach en änleche Projet gesinn. Hei sinn et d'Gebaier vun der 'Chambre des Comptes' déi als Leinwand déngen, an hannert der Aarbecht stécht de Paul Schumacher.

Laterna Magica - Paul Schumacher 'Melting Pol'

Eng Technik déi u sech schonn 365 Joer al ass, Gewisen ginn déi historesche Fotoen mat Hëllef vum Video-Mapping, wou also zwee Projekteren d'Biller iwwereneen leeën. A gëschter Owend koum de Mix ronderëm dem historeschen Dicks-Lentz-Denkmal gutt un.

Laterna Magica - Leit
RTL

© Vic Pereira

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL