Haut gi bei der Luxlait um Rouscht pro Joer ronn 170 Millioune Liter Mëllech produzéiert déi zu Mëllechproduite weider verschafft ginn. Mëttlerweil ass d'Palett vun de Produiten déi hei hiergestallt ginn, immens gewuess an esou fënnt een haut laang net nëmme méi just Mëllech, Jughurt a Botter. D'Nicky Soisson war bei der Produktioun vum bekannte Rose Botter dobäi an huet, zesumme mam Sales Manager vu Lëtzebuerg, e klengen Tour duerch d'Produktwelt vu Luxlait gemaach.

28/10/2024 Bei der Luxlait um Rouscht
RTL

© Luxlait