
© Pixabay
... 2 Joer annoncéieren d'Vereente Natiounen, dass 8 Milliarde Mënschen op der Äerd liewen. Bis d'Joer 2080 sollen et méi wéi 10 Milliarde sinn.
A Brasilien ass haut Nationalfeierdag, well um 15. November 1889 de Keeser Pedro II. duerch e Militärputsch gestierzt, a gläich drop d'Republik vun de Vereenegte Staate vu Brasilien ausgeruff gëtt. De Stand vun de Stären iwwer Rio de Janeiro zu deem Zäitpunkt ass op hirem Nationalfändel ze gesinn.
1988 rifft di palestinensesch Fräiheetsorganisatioun PLO d'Onofhängegkeet vu Palestina aus, a Jerusalem gëtt zur Haaptstad vun deem inexistente Staat deklaréiert. Et ass virun allem ee symboleschen Akt.
Lo kënnt en och nach an de Kino - den deemools neien Enfant Terrible vun der Musek Elvis Presley feiert 1956 Premiere am Kino mat sengem éischte Film "Love me tender".
1996 gëtt di éischt Versioun fir den Download vum Instant-Messenger ICQ presentéiert. "I seek you" (ech sichen dech) gëtt fir méi wéi 100 Millioune User di beléiftsten Chat-Plattform, éier Facebook a WhatsApp méi modern ginn. ICQ ass dëse Summer ofgeschalt ginn.
Ee vun de Messagen ass 2005 bestëmmt "Mir kënne méi laang tute goen". Op d'mannst mol an England. Haut viru 19 Joer mussen d'Pubs net méi um Mëtternuecht zouspäre, mee dierfe méi laang ophunn.
An de Sixties ass si d'„First Lady of the British Invasion“ - d'Musekerin Petula Clark kënnt 1932 op d'Welt. Si gewënnt 2 Grammyen, séngt op englesch, däitsch, franséisch, italieenesch a spuenesch, a soll eng Affär mam Dean Martin gehat hunn.
79 Joer al gëtt d'Anni-Frid Lyngstad - d'ABBA Sängerin mat de brongen Hoer.
Ronne 50. Gebuertsdag fir den Chad Kroeger - kanadescher Frontmann vun der Rockband Nickelback.