Et gëtt Krankheeten, déi loossen sech duerch e gesonde Liewesstil verhënneren. Mee gehéiert Demenz do och derzou? Där Fro geet haut den Dr Marc Keipes no. Den Direkter aus dem grousse GesondheetsZenter op der Gare weess, dass een fir dat erauszefannen opwänneg Etüden maache muss, wou een vill Leit kontrolléiere muss, an dat iwwer eng länger Zäit.

Hei wende mer eis un eng franséisch, déi 5.170 Participanten hat, déi iwwer 65 Joer al waren, fir eng Period vu 17 Joer. Déi haten au Depart natierlech als Diagnos, dass hir kognitiv Funktiounen komplett normal waren. D'Fuerscher hunn e Score entwéckelt, e 'Lifestyle for Brainhealth' kuerz LIBRA, an deen setzt sech zesummen aus eenzele Charakteristiken vun där Persoun, also ass ëmmer op déi eenzel Persoun zougeschnidden, jee nodeem wéi gesond oder och net gesond hier Ernierung war, Beweegung oder Sport. Wéi vill Gehiersport, Alkohol, Tubakskonsum awer och och Häerzkreeslaferkrankungen wéi Bluttdrock, Zockerkrankheet, Cholesterol, Iwwergewiicht oder Niereninsuffizienz.

23-10-2024 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes (1) Demenz - Opstellung Etud

Interessant ass natierlech ze wëssen wat ënnert dem Stréch erauskënnt, also op et eppes bréngt oder net.

Wat de LIBRA Score méi héich war, also méi en defavorabelen Liewesstil existéiert huet, wat de Risiko vun Demenz an Alzheimer méi grouss war. Dëst war wouer, op een elo eng genetesch Predispositioun huet, oder och bei deene Leit déi dat net haten. Also wat äre Liewesstil méi gesond ass, wat der net nëmmen Kriibs an Häerzinfarkt virbeugt, mee eben och der Demenz. Mir wëssen all wat een muss maachen, also et geet ëm d'Progressioun net ëm d'Perfektioun. Da bleift dir gesond.

23-10-2024 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes (2) Demenz - Resultat Etud