
© Pixabay
... 109 Joer ka Coca-Cola sech d'Patent op seng charakteristesch Fläsch sécheren. Di sougenannte Konturfläsch ass d'Resultat vun engem dofir ausgeschriwwene Concours.
1869 geet de Sueskanal fir d'Schëfffaart op. Den Dag drop gëtt di wichteg Passage tëscht Mëttelmier a Roudem Mier och offiziell ageweit.
1909 gëtt an Däitschland di éischte Fluggesellschaft vun der Welt gegrënnt. Di "Deutsche Luftschifffahrts-Aktiengesellschaft" DELAG bedreift di vun der Zeppelin GmbH gebaute Loftschëffer.
A wou mir grad an der Loft sinn - haut virun 20 Joer flitt en onbemannten Experimentalfliger vun der NASA 10.617km/h séier. An enger Héicht vu 34km ass et di héchsten erreechte Vitess vun engem Fliger mat loftbedriwwenem Motor.
1961 kënnt d'Corinne Hermès op d'Welt. Di franséisch Sängerin gewënnt 1983 mam Lidd "Si la vie est cadeau" fir Lëtzebuerg de Grand Prix Eurovision de la Chanson zu München.
Ronne 60. Gebuertsdag fir di kanadesch Jazzmusikerin Diana Krall, déi schonn dacks zu Lëtzebuerg war, a bestëmmt rëm zréck kënnt.
Alles huet een Enn - och d'Karriär vun ABBA - haut virun 42 Joer dréinen d'Schweden fir d'Lidd "Under Attack" hire leschte Museksvideo.
Nach méi tolerant mussen d'Fans vun Jamiroquai sinn, wéi hir Liblingsband haut viru 7 Joer scho nom éischte Lidd zu München e Concert ofbrieche muss. De Sänger Jay Kay huet seng Stëmm verluer. Entretemps huet en se erëmfonnt.
Mee vu dass haut souwisou (zanter 1995) den internationalen Dag vun der Toleranz ass, haten d'Fans domat kee Problem.

© Pixabay