
© Pixabay
... 35 Joer gëtt zu Prag eng Manifestatioun vun dausende Studente néiergeschloen. Dat brutaalt Virgoe vun der Police gëllt als Ausléiser vun der "Samette Revolutioun", déi d'Enn vum kommunistesche Regime erbäiféiert.
1970 krit den amerikaneschen Erfinder Douglas Engelbart e Patent op di vun him erfonnte Computermaus.

© Pixabay
Dee selwechten Dag ass op der 3. Säit vun der brittescher Boulevardzeitung "The Sun" di éischte Kéier eng liicht bekleet Fra ofgedréckt. An der Suite ginn d'Venten ëm bis zu 40% an d'Luucht, an di aner Zeitunge musse nozéien. Fir di eng e Skandal, fir di aner harmlos. 2015 ass an der Sun dat leschte "Page Three Girl" ze gesinn.
1973 ënnerschreiwe Frankräich a Groussbritannien een Ofkommes iwwert de Bau a Betrib vun engem Tunnel ënnert der Manche. 31 Joer méi spéit geet en op - och am Ausland dauere Chantiere méi laang. Iwwregens hate se schonn 200 Joer méi fréi op béide Säiten ugefaange mat gruewen. Well d'Englänner awer eng Invasioun vun de Fransouse gefaart hunn, goufen di Aarbechten agestallt.

© Pixabay
Schonn e Joer hir - 2023 gëtt di aktuell Regierung Frieden-Bettel vereedegt. An dann ass haut och nach den Dag fir den Affer aus dem Stroosseverkéier ze gedenken.

© Pixabay
1887 kënnt de "Monty" op d'Welt. Spëtznumm vum brittesche Generolfeldmarschall Bernard Montgomery, deen am Zweete Weltkrich ieweschte Leader vun der brittescher Arméi ass.
1920 kënnt zu Téiteng de Camille Felgen op d'Welt. Hie gëtt e bekannte Sänger, Acteur, Moderator an Texter. De Camillo Felgen schreift z.B. dat heite Lidd fir d'Connie Francis:
An der Filmwelt sinn et haut di heite Gebuertsdagskanner:
82 Joer al gëtt de Regisseur Martin Scorsese
Ronnen 80. fir den Danny DeVito
74 Joer krit de Marco Lorenzini
An et ass den 58. Gebuertsdag fir d'Sophie Marceau