... 202 Joer zerstéiert e grousst Feier 147 vun den 341 Haiser zu Gréiwemaacher, grad sou wéi 80 Ställ a 39 Scheieren.

18/11/2024 Haut virun...

1626 gëtt zu Roum de Péitersdoum ageweit vum Poopst Urban VIII. 120 Joer laang war dru gebaut ginn. Soll mol nach ee soen, eis Chantiere géife laang daueren...

RTL

© Pixabay

1906 kënnt de brittesch-griicheschen Ingenieur Alec Issigonis op d'Welt. Hien entwéckelt 1959 de Mini. Also den Auto, net d'Jüpp.

1928 huet den Zeechentrickfilm "Steamboat Willie" seng Premiere. Dodran huet dem Walt Disney seng Figur Mickey Mouse säin éischte groussen Optrëtt.

Haut viru 65 Joer ass et d'Weltpremière vum Monumentalfilm "Ben Hur". En gëtt mat 11 Oscaren ausgezeechent - zesumme mat "Titanic" a "Lord of the Rings" steet bis haut dee Rekord.

1991 presentéiere U2 hire neien Album "Achtung Baby". Den däitschen Titel kënnt dohier, dass de gréissten Deel dovun zu Berlin opgeholl gëtt, an d'Stëmmung nom Fall vun der Mauer huet och Afloss op de neie Klang vun der Band.

Nach eng Kéier New York - haut virun 31 Joer huele Nirvana do hiren MTV Unplugged-Concert op. E Joer méi spéit kënnt den Album eraus a verkeeft sech ronn 14 Millioune mol.

72 Joer al gëtt haut de brittesche Museker John Parr, dee 1985 dëse One-Hit-Wonder hat:

64. Gebuertsdag fir d'Kim Smith. Als Kim Wilde huet si virun allem an den 80er grouss Hitten, a këmmert sech haut gréisstendeels ëm hir Karriär als Gäertnerin.

Haut virun 30 Joer stierft de Cab Calloway - amerikaneschen Jazz-Sänger a Bandleader, deen am Blues Brothers Film Ufank den 80er e groussen Optrëtt hat.