... 70 Joer geet mat "Télé Monte-Carlo" déi eelsten haut nach aktiv privat Tëleeschaîne vun Europa op Sendung. TMC gëtt um monegassesche Nationalfeierdag lancéiert.

19/11/2024 Haut virun...

E Kilo Brout kascht 1923 an Däitschland 233 Milliarde Mark. Déi sougenannte "Rentenmark" ass awer schonn um Wee, mat där d'Hyperinflatioun vun de leschte Jore gestoppt ka ginn.

RTL

© Pixabay

2002 geet zu Gießen an Hessen de Mathematikum op. Den éischte mathematesche Matmaach-Musée vun der Welt, dee sech mat ronn 200 Experimenter zum Zil gesat huet, Kleng a Grouss eng nei Dier zu där dréchener Matière opzemaachen.

Gutt a richteg gerechent hu se och 1969, wéi d'Amerikaner mat "Apollo 12" déi zweete Kéier erfollegräich um Mound landen. No Armstrong an Aldrin ass de Pete Conrad deen drëtte Mënsch um Mound.

Dee selwechten Dag schéisst de Pelé säin 1.000. Gol an engem Veräinsmatch. Et ass en Eelefmeter, an d'Partie am Maracanà-Stadion muss duerno 20 Minutten ënnerbrach ginn, well dausende Leit den Terrain stiermen. A wäiten Deeler vu Brasilien lauden d'Kiercheglacken.

1985 treffe sech de Ronald Reagan an de Michail Gorbatschow eng éischte Kéier fir iwwer atomar Ofrëschtung an Enn vum Kale Krich ze schwätzen. Um Sommet zu Genf kënnt nach net vill Gescheites eraus, mee déi zwee Leadere si sech sympathesch a wëlle weider kooperéieren.

2006 huele Nintendo e neien Ulaf. Hire GameCube war e Flop - de Nofollger soll alles besser kënnen. Virun allem sech besser verkafen. Wat och effektiv geléngt, mat der neier Nintendo Wii. Méi wéi 100 Milliounen Exemplaire vun der beweegungssensitiver Konsol gi verkaaft.

RTL

© Pixabay

An dann ass haut um 19. November och nach den Dag vun der Zopp, de Welttoilettendag, an den internationale Männerdag.

RTL

© Pixabay

RTL

© Pixabay