... virun 11 Joer decidéiert di ukrainesch Regierung, dat geplangten Associéierungsofkommes mat der EU net ënnerschreiwen ze wëllen. Et ass den Ufank vun de politesche Protester op der Plaz vun der Onofhängegkeet zu Kiew, um sougenannten "Euromaidan".

21/11/2024 Haut virun...

1931 gëtt de Film "Frankenstein" uropgefouert. An der Roll vum Wëssenschaftler sengem Monster gëtt den engleschen Acteur Boris Karloff e Star, a seng Figur zu enger Ikon vun der Populärkultur.

Jo ass da scho Chrëschtdag? 1942 geet de Bing Crosby fir 10 Wochen op Plaz 1 vun de Billboard Charts mat sengem Lidd "White Christmas". Haut ass et mat ronn 130 Milliounen Exemplairen an all méigleche Sproochen di meeschtverkaafte Single vun der Welt.

A Saache Kulturgeschicht ass de British Museum zu London ganz virbäi. 1953 fanne se eraus, dass d'Schanke vum sougenannte "Piltdown" Mënsch an hirer Kollektioun guer net echt sinn. Se si net 500.000 Joer al, mee aus dem Mëttelalter, di meescht vun engem Orang-Utan. Wien hannert där afeger Fälschung stécht, kënnt ni eraus.

"La Demoiselle", oder de "Spatz vun Avignon", d'Mireille Mathieu huet 1965 an der Emissioun "Télé Dimanche" hiren éischten Optrëtt op der franséischer Tëlee.

1980 sëtzen 83 Milliounen Amerikaner virun der Tëlee fir gewuer ze ginn, wien 7 Méint méi fréi op den J.R. Ewing geschoss huet. Haut viru 44 Joer fänkt di 4. Staffel vun der Tëleesserie "Dallas" un mat enger Aschaltquot vun 53.3%. Nëmmen di leschte Folleg vun der Serie "M*a*s*h" hat méi Spectateuren.

32 europäesch Länner an d'USA a Kanada ënnerschreiwe 1990 d'Charta vu Paräis. Dora festgehale ginn d'Demokratie als eenzeg legitim Regierungsform, an d'Garantien op Mënscherechter a Grondfräiheeten. Et ass d'Enn vum gedeelten Europa a vum Kale Krich.

1997 streide sech di 3 Sängerinne vun der Pop-Rap-Grupp "Tic Tac Toe" viru lafende Kameraen. Souguer an den Tagesthemen gëtt owes driwwer geschwat - et ass kee PR-Gag. Nom Eklat verléisst d'Ricky di däitsch Girlband. De Comeback 8 Joer méi spéit verleeft zimmlech séier am Sand.