
© Pixabay
... 2 Joer fänkt a Qatar d'Futtballweltmeeschterschaft un. Et ass di éischte Kéier, dass d'WM an engem Wüüstestaat an am spéiden Hierscht gespillt gëtt. E Mount méi spéit geet se mat enger Victoire fir Argentinien op en Enn.
1820 geet am Pazifik e Walfangschëff ënner, nodeems et vun engem Pottwal attackéiert gouf. Dee Virfall gëtt ronn 30 Joer méi spéit d'Virlag fir dem amerikanesche Schrëftsteller Herman Melville säi Roman "Moby Dick".
1945 gëtt d'Uklo verlies am Nürnberger Prozess géint d'Haaptverbriecher aus dem Zweete Weltkrich. 24 Leit sinn ugeklot, 12 vun hinne ginn e knappt Joer méi spéit zum Doud verurteelt.
1947 ginn déi spéider Kinnigin Elizabeth II. an de Lieutnant Philipp Mountbatten, Prënz vu Griicheland an Dänemark, matenee bestuet. 73 Joer laang sollt dat Bestietnis halen.
Haut viru 40 Joer gëtt a Kalifornien de sougenannte SETI Institut gegrënnt. SETI ass d'Ofkierzung fir "Search for Extraterrestrial Intelligence". Zil ass d'Erfuerschen, d'Verstoen an d'Erkläre vum Ursprong vun der Natur a vum Liewen am Universum. Bis elo hu se awer nach keng aner Liewensform entdeckt.
Dee selwechten Dag kënnt an engem japanesche Comic-Magasinn den éischten "Dragon Ball"-Manga eraus. Trotz sëllege Kinosfilmer, Tëleesserien a Videospiller ass et awer just déi zweeterfollegräichste Manga-Serie vun der Welt.
1985 kënnt déi éischt Versioun vu "Windows" eraus. De Computerbetribssystem vu Microsoft ass ugangs kee Renner - de Succès kënnt eréischt am Laf vu de 90er Joren.
1925 kënnt de Robert F Kennedy op d'Welt. Amerikanesche Politiker, dee sou wéi säi Brudder John F, Präsident wëllt ginn, a grad sou an der Ëffentlechkeet erschoss gëtt.
82 Joer al gëtt de Nach-Präsident vun de States Joseph, genannt "Joe", Biden. Säin zweete Virnumm ass iwwregens Robinette.
68. Gebuertsdag fir den däitsche Museker, Acteur a Comedian Olli Dittrich.
1957 gëtt de Stefan Bellof gebuer. Däitsch Motorsport-Hoffnung, déi 1985 bei engem Sportswonaccident zu Spa-Francorchamps ëm d'Liewe kënnt.