
© Pixabay
... 61 Joer gëtt den John F. Kennedy zu Dallas op oppener Strooss erschoss. Nach dee selwechten Dag gëtt de Lyndon B. Johnson zum neien US-Präsident ernannt. Wien hannert deem Attentat stécht, ass bis haut net gekläert.
Dee selwechten Dag wéi den JFK stierft iwwregens och de britteschen Auteur Aldous Huxley. Säi bekanntste Wierk ass den Utopie-Roman "Brave New World".
Nom Doud vum Francisco Franco gëtt de Juan Carlos 1975 Kinnek vu Spuenien, a féiert d'Land lues mee sécher Richtung Demokratie.
1990 trëtt d'Margaret Thatcher als brittesch Premierministesch zréck. D'Iron Lady war zanter 1979 am Amt.
De Portugis José Manuel Barroso gëtt haut virun 20 Joer neie Präsident vun der Europäescher Kommissioun, an domat Successeur vum Italiener Romano Prodi.

© Pixabay
2005 ass d'Angela Merkel di éischt Fra, déi vum däitsche Bundestag zur Bundeskanzlerin gewielt gëtt.
1890 gebuer gëtt de franséische Staatsmann Charles de Gaulle.
72 Joer al gëtt di Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
42. Gebuertsdag fir d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding.
39 Joer krit d'DP-Deputéiert Mandy Minella.

© rtl.lu
Zur Musek - 1928 gëtt dem Maurice Ravel säi "Boléro" uropgefouert an der Paräisser Oper.
1968 kënnt de Beatles hire "Wäissen Album" eraus. 30 Lidder sinn drop, en wäert sech gutt 14 Millioune mol verkafen.
48 Joer al gëtt haut de finnesche Sänger vun der Grupp HIM de Ville Valo.
1997 gëtt de Frontmann vun der australescher Band INXS Michael Hutchence plakeg an erhaangen an engem Hotelszëmmer fonnt. Di genee Ëmstänn vu sengem Doud bleiwe bis haut e Rätsel.
Sport: 81 Joer al gëtt di fréier Tennisspillerin Billie Jean King. D'Amerikanerin war 1981 di éischt Profisportlerin, déi sech als homosexuell geout hat.
57 Joer al gëtt haut de Boris Becker.
An dann ass haut och nach Cäciliendag - di hëlleg Cecila ass d'Patrounin vun alle Kierchemuseker.