Dëse Weekend war de Casting vum Luxembourg Song Contest. Gesischt goufen d'Sänger an d'Sängerinnen, déi de 25. Januar an der Rockhal géinteneen untrieden. Um Enn wenkt dem Gewënner vun der Show nämlech d'Partircipatioun um ESC zu Basel 2025. Mir waren um Casting mat dobäi.

11/11/2024 De Weekend war de Casting vum LSC

D'Tali war dëst Joer zu Malmö um Eurovision Song Contest d'Stëmm vu Lëtzebuerg a koum op déi 13te Plaz. Dëse Weekend war de Casting vun der 2ter Editioun vum Luxembourg Song Contest. Gesischt goufen d'Sänger an d'Sängerinnen, déi de 25. Januar an der Rockhal um LSC géinteneen untrieden. Um Enn wenkt dem Gewënner vun där Show nämlech d'Partircipatioun um ESC zu Basel 2025. Iwwer 50 Artisten hunn iwwer 70 Lidder virun enger internationaler Jury virgesongen an um Enn huet dëse Jury dunn och d'Decisioun geholl, wéi eng Kënschtler et an d'Finall packen. Ënnert de Jurymemberen d'Marie Myriam, déi den ESC 1977 gewonnen huet.

11/11/2024 CUT MARIE MYRIAM

Och d'Poli Genova, Coach bei "The Voice" a Bulgarien an 2x Kandidatin um ESC an den Gewënner vun 2011, den Eldar Gasimov hunn aus all de Sänger déi Bescht missten eraussichen.

11/11/2024 CUT POLI GENOVA + ELDAR GASIMOV

D'Lidder grad sou wéi d'Finalisten dierfe mer hei op dëser Plaz nach net publique maachen, dofir muss een sech dann nach eng Woch gedëllegen. Puer vun de Kandidaten waren awer richteg erliichert nodems se virum Jury performed hunn!

11/11/2024 CUT KANDIDATEN LSC

Aanescht wei nach d'lescht Joer, gëtt bei der Editioun vum LSC 25' dann och virun allem mat Lëtzebuerger Produzenten zësumme geschafft. Den David Gloesener, Head of Eurovision Song Contest bei RTL.

11/11/2024 CUT DAVID GLOESENER

D'nächste Méindeg huet d'Waarden en Enn a mir stellen iech dann hei op dëser Plaz alleguerten d‘Finaliste vir.