
De Moment ass Champignonszäit, an et fënnt een allméiglech Zorten op de Menüskaarten vun de Restauranten. Natierlech hält ee sech do am beschten un de Spezialist fir och nëmmen déi richteg Pilzer ze verschaffen. An elo kënnt d'RTL Déierendoktesch Romi Roth an d'Spill, déi dat och fir d'Déieren freet, well soss kann et emol schif ausgoen.
De jonke Labrador-Ritt George hat ferm de Bauchwéi. Mä d'Gegrommels, den Duerchfall an d'Briechen waren dës Kéier net wéi soss mat e vill Kuelekapselen ewechzekréien. Ganz am Géigendeel, et ass vu Stonn zu Stonn méi uerg ginn. Wéi de George guer net méi opstoe wollt, hu seng Leit hien awer emol an d'Praxis bruecht. Wou dem schwaarze Mupp säin Zännfleesch an d'Conjonctiven net däischter pigmentéiert waren, war e ganz bleech. Mat enger Bluttanalys war ze gesinn, dass dem George seng Liewer schlecht war. Hien hat och schonn ze mann rout Bluttkierpercher, eng Anemie wéinst banneschte Bluddungen.
Esou e virwëtzege, jonke Mupp ass jo net auszehidden. Déi friessen alles, just aus Virwëtz a fir ze spillen. Hat hien vläicht eppes Gëfteges fonnt a gejickt? Seng Leit haten hien beim leschten Trëppeltour duerch de Bësch derbäi erwëscht, wéi hien verdächteg laang fir d´éischt un engem klenge Grupp Fliegenpilzer (op létzbg. Méckekochelen) an duerno un e puer gréngelzeg-giele „Champignonen“ geschnoffelt huet.
Et hat een de jonke Geck zwar du séier fort gezunn an him och nach e puer Grimmelen ronderëm d'Schnëss fortgewëscht. Mat den Illustratiounen vu „Pilze Luxemburgs“ vu Natur an Ëmwelt war ee sech ganz sécher: hien hat op d´mannst een, wa net e puer 'Grüne Knollenblätter-Pilze' gejickt. De rout-wäiss getëppelte Méckekochel ass vergläichsweis net esou gëfteg wéi déi aner 'Dréischelen', déi op Lëtzebuergesch net fir näischt de 'Grénge Mäerder' heeschen. De George hat immens Chance! Mam Géigemëttel 'Silibinin' aus der 'Mariendistel' géint dem Grénge Mäerder säin déidlecht Liewergëft 'Amanitin' an enger Abberzuel Baxteren konnt hien zeréck an d´Liewe geholl ginn.