© Pixabay
... 33 Joer annoncéiert de Freddie Mercury, dass hien un Aids erkrankt ass. Den Dag drop stierft de charismatesche Frontmann vu Queen am Alter vun 45 Joer.
1889 gëtt zu San Francisco een ëmgebauten Edison-Phonograph als Museksautomat mat Mënzaworf opgestallt. Dësen Apparat gëllt als di weltéischten Jukebox.
1890 stierft mam Wëllem III. de Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg. Well seng Duechter Wilhelmina just an Holland, net awer am Grand-Duché d'Relève dierf huelen, geet domat d'Personalunioun op en Enn, a Lëtzebuerg gëtt e souveräänt Groussherzogtum ënnert dem Adolphe I. aus dem Haus Nassau.
No bal 5 Méint gi 1904 zu St. Louis an den USA di III. Olympesch Summerspiller op en Enn. Sou wéi 4 Joer méi fréi zu Paräis, ginn och di heite Spiller am Kader vun der Weltausstellung ofgehalen, a geroden zur Niewesaach - di amerikanesch Athlete si gréisstendeels ënnert sech. Eenzeg Nouveautéit, déi bis haut erhale bliwwen ass: di jeeweileg Gewënner kréien eng Goldmedail iwwerreecht.
1946 fänkt den Indochinakrich un tëscht Frankräich an der Liga fir d'Onofhängegkeet vu Vietnam. An der Suite gëtt en zum Stellvertriederkrich, dauert 8 Joer a geet op en Enn mat der Victoire vun de Opstänneschen, mat der Onofhängegkeet vu Laos a Kambodscha, a mat der Deelung vu Vietnam.
1963 kënnt di éischte Folleg vun der englescher Tëleesserie "Doctor Who". Se gëtt zum Deel vun der brittescher Popkultur, a leeft bis haut. Se steet am Guinnessbuch vun de Rekorder als längsten an erfollegräichste Science-Fiction-Serie vun der Welt.
1970 läit di éischten Editioun vun "Charlie Hebdo" an den Zeitungsbutteker. Di franséisch Satirzeitung gëtt Ufank 2015 weltbekannt, wéi islamistesch Terroristen an hir Redaktioun andréngen an 8 Mataarbechter erschéissen. Di éischt Zeitung no der Attack gëtt bal 7 Millioune mol gedréckt, an ass domat di meeschtverkaaften Editioun vun enger franséischer Zäitschrëft.
Géint den Amerikaner Virgil Hill ass et 1996 dem Henry Maske säi leschten Boxkampf. Et ass deen eenzegen, deen den Gentleman-Boxer als Profi verléiert. Bis zu 18 Millioune Leit kucke sech de Mega-Event op der Tëlee un - d'Lidd "Time to say Goodbye", dat extra dofir opgeholl gëtt, ass duerno 12 Woche laang op Plaz 1 vun der däitscher Hitparad.
70 Joer al gëtt haut den amerikanesche Museker Bruce Hornsby.
Virun 33 Joer stierft den däitschen Acteur, Auteur, Regisseur an "enfant terrible" Klaus Kinski.
2012 verléisst eis den amerikaneschen Acteur Larry Hagman. Als J.R. Ewing ass en an der Tëleesserie "Dallas" weltbekannt ginn.
An dann ass et haut och nach den 32. Gebuertsdag vum Miley Cyrus.