
© Pixabay
... 33 Joer trëtt de Michail Gorbatschow an enger Tëleesusprooch als President vun der Sowjetunioun zeréck. Den Dag drop gëtt d'Unioun opgeléist. Direkt no der Usprooch gëtt de sowjetesche Fändel um Kreml duerch dee russeschen ersat.
De Wanderpriedeger Jesus vu Nazareth kënnt warscheinlech scho 4 bis 7 Joer virun eiser Zäitrechnung op d'Welt. Op wéi engem Dag genee, ass onkloer. An engem spéitantike Codex aus dem Joer 354 geet eng éischte Kéier rieds vun enger Gebuert Jesu um Freideg 25. Dezember. Den Datum 25.12.0000 gëtt et just am Film "Back to the Future".
Di éischt Chrëschte feiere Chrëschtdag och nach guer net, well hinne Karfreideg an Ouschteren vill méi wichteg sinn. En plus gëtt et nach keng elektresch Girlanden. Och nach net am Joer 1644, mee do ginn d'Feierlechkeeten awer scho sou wäit, dass de Puritanismus an England d'Chrëschtdagsfest ofschafe léisst. Eng Dose Jore méi spéit hält sech awer scho bal kee méi un dat Verbuet.
Haut virun 80 Joer schaaft d'Groussherzogin Charlotte an der Exilregierung zu London d'Œuvre Nationale de Secours, fir Suen ze sammele fir de lëtzebuergesche Krichsaffer ze hëllefen. Haut geréiert d’Œuvre d’Loterie Nationale, vun der si 100 % vum Revenu kritt, an ënnerstëtzt domat Organisatiounen an de Beräicher Soziales, Kultur, Ëmwelt, Sport a Gesondheet an Erënnerungskultur a Patrimoine.
1979 marschéiere sowjetesch Truppen an Afghanistan an. No 10 Joer Krich verloossen se d'Land rëm als Verléierer, dat duerno an e Biergerkrich fält.
1991 gëtt d'Sowjetunioun opgeléist, nodeems de Michail Gorbatschow an enger Tëleesusprooch als President zerécktrëtt. Direkt duerno gëtt de sowjetesche Fändel um Kreml duerch dee russeschen ersat.
Virun 125 Joer kënnt den Acteur Humphrey Bogart op d'Welt. Am Film Casablanca seet hien zum Ingrid Bergman "Here's looking at you, kid", wat eng Aart Drénksproch ass, a net iwwersat souvill heescht wéi "Kuck mir an d'Aen" oder "Ech kucken dir an d'Aen".
70 Joer al gëtt d'Annie Lennox - erfollegräich Sängerin mat der Band Eurythmics an als Soloartistin.
Op Chrëschtdag sinn eng Partie bekannte Leit gestuerwen:
1977 verléisst eis de brittesche Filmregisseur a Schauspiller Charlie Chaplin.
1995 geet de "King of Cool" Dean Martin vun eis.
2006 stierft de "Godfather of Soul" James Brown.
2016 ass et, ironescherweis, den Doud vum fréiere Wham!-Sänger George Michael.