... 165 Joer publizéiert de brittesche Naturfuerscher Charles Darwin mat sengem Wierk "The Origin of the Species" seng Evolutiounstheorie.

24/11/2024 Haut virun...

Ee gewëssen Eugène Poubelle obligéiert 1883 di Paräisser Hausproprietairen, hire Locatairen dach eng Sammeldreckskëscht zur Verfügung ze stellen. Se muss tëscht 40 an 120 Liter grouss sinn an 3 Kompartimenter hu fir Glas, Pabeier an de Rescht. D'Hygiène an der franséischer Haaptstad verbessert sech séier.

Zu Dallas erschéisst 1963 de Nightclub-Besëtzer Jack Ruby, viru lafende Kameraen, de Lee Harvey Oswald, deen den John F. Kennedy ermuert soll hunn. E weidert Rätsel an der ganzer Affär, di bis haut net opgekläert ass.

Haut viru 50 Joer gëtt an Ethiopien en fossillen Deel vum Virmënsch "Australopithecus afarensis" fonnt. D'Schanke si ronn 3.2 Millioune Joer al, a si vun enger Fra, déi "Lucy" genannt gëtt, well d'Lidd "Lucy in the Sky with Diamonds" vun de Beatles grad leeft, wéi d'Archeologen d'Fossilien entdecken.

Am Joer 2000 kënnt an Europa di bis haut erfollegräichste Spillkonsoll vun der Welt op de Marché. D'PlayStation2 huet sech bis haut ronn 155 Millioune mol verkaaft.

RTL

© Pixabay

De "Murdock" vum A-Team gëtt haut 77 Joer al. Den Dwight Schultz huet donieft awer och nach z.B. an de Star Trek Tëleesserien matgespillt.

70. Gebuertsdag fir de Ross Brawn - britteschen Ingenieur, dee virun allem zesumme mam Michael Schumacher grouss Succèse gefeiert huet an der Formel 1.

34 Joer krit de brittesche Museker Tom Odell.

Een Dag no der Annonce, dass en Aids huet, stierft 1991 de Queen-Frontmann Freddie Mercury.

Genee 10 Joer méi spéit, 2001, kënnt d'Sängerin Melanie Thornton ëm d'Liewe bei engem Fligeraccident an der Schwäiz.

Iwwregens, haut an engem Mount ass Hellegowend...