
© Connor Ellsworth on Unsplash
Hei um Radio kommen dacks Message vu Nolauschterer eran fir déi aner Automobilisten drun ze erënneren hir Luuchten respektiv Niwwelluuchten unzemaachen bei schlechter Siicht. Mä wéi genee si scho méi d'Reegelen?
Esou ze soen als klenge Rappell vum Code de la Route, fir dass Der als Chauffer keng béis Iwwerraschungen an der méi däischterer Joreszäit erlieft.
Den André Schaack ass Commissaire en Chef an zoustänneg fir Verkéierssécherheet bei der Police:
"An der Nuecht an am Dag bei schlechte Siichtverhältnisser. Mécht een dat net, ass eng Amende vu 49 respektiv 74 Euro virgesinn. Wann een an en Accident verwéckelt ass, ëmsou méi mat Blesséierter, da muss d'Police e Protokoll schreiwen an da kënnt dat op d'Geriicht."
Wat d'Niwwelluuchten ubelaangt, esou gëtt et eppes wat ëmmer erëm virkënnt a fir Opreegung suergt:
"Déi hënnescht Niwwelluucht soll een ausmaachen wann d'Siicht méi ewéi 50 Meter ass. Och nach eppes wat oft vergiess gëtt, besonnesch ëm dës Zäit: Wann et hell ass an et ass parallel awer Niwwel an d'Luuchte sinn op Automatik, dann erkennt den Auto dat dacks net an da bleiwen d'Luuchten aus."
Eppes wat geféierlech ka ginn- well ee selwer net gutt gesäit an vun deene aneren Automobilisten och net gutt gesi gëtt.