
© pixabay.com
Marie Kondo - en Numm dee vläicht schonn deen een oder anere vun Iech héieren huet. Bekannt duerch hier verschidde Bicher déi hier Method erkläre fir ze raumen, huet d'Japanerin mëttlerweil an der ganzer Welt sougenannte KonMari Beroderinnen a Beroder forméiert, déi de Leit hëllefe sollen den Duerchbléck an hirem Chaos doheem ze kréien. Sou och hei am Land.
D'Louise Basenach, zertifiéiert KonMari Consultante, ass 2019 op de Goût vum Raume komm. Dat duerch dem Marie Kondo seng Serie op Netflix. Nodeems doheem grëndlech an nom Prinzip vun der japanescher Opraum-Spezialistin geraumt an entrümpelt gouf, huet si e puer Joer dono eng Formatioun als KonMari Consultante gemaach.
"Dat ass schonn en zimmlech grousse Prozess. Natierlech muss ee selwer bei sech doheem opgeraumt hunn, dat muss een och beweise kënnen. An et muss een d'Bicher gelies hunn. Da mellt ee sech un an et huet een 3 Deeg Formatioun. Dono da muss ee mat Clienten schaffen an dat dokumentéiere wéi een opgeraumt huet a wéi dat geklappt huet. Schlussendlech mécht een dann nach eng Prüfung an et huet een en Interview mat engem an dann ass een da sou wäit."
Dann heescht et sech op d'Sich no weidere Clienten ze maachen, eppes wat net onbedéngt ëmmer evident ass. Ville Leit ass et nämlech peinlech, dass si Wull doheem hunn a wëllen dann net onbedéngt friem Leit bei sech empfänken.
"Dat muss iwwerhapt net peinlech sinn. D'Marie Kondo selwer seet och, dass d'Leit op kee Fall sollen opraumen éier een dohinner geet. Et wëll ee genee gesi wéi et wierklech ass. Déi meescht Leit hunn doheem och mol Chaos oder net alles ass opgeraumt, dat ass guer net schlëmm. Dat ass och ganz normal, also op kee Fall virdrun opraumen."
Flott un dëser Method vum Marie Kondo ass dann awer och nach , dass se sech net nëmmen op d'Raumen doheem limitéiert a generell fir méi Liewensfreed suerge soll.
"Jo, genee. Et fänkt een u mam Haus a mat senge Saachen an da soll sech dat och op d'Liewen ausbreeden. Da soll vläicht och mol kucken ob ee frou ass mat deene Leit déi ronderëm ee sinn. Et soll wierklech op all Aspekt vum Liewen ausgebreet ginn. Mee well dat natierlech am Ufank e bësse méi komplizéiert ass dat ze erkennen, mécht een dann als éischt dat Opraumen am Haus an da soll sech dat op de Recht vum Liewen ausbreeden. Mécht mir dee Beruff Freed, wat mécht mir Freed am Liewen?"
A wann een da mol d'Motivatioun bei deem ganze Geraums doheem verléiert, da soll een net zécken an Appell un eng oder ee Beroder maache fir engem mam Tipps an Tricks e bëssi ënnert d'Äerm ze gräifen.