
© Pixabay
...180 Joer kënnt den däitschen Ingenieur an Automobilpionéier Carl Benz op d'Welt. Säi "Patent-Motorwagen" vun 1885 gëllt als den éischten Auto vun der Welt.

© Pixabay (Symbolfoto)
1855 gëtt no 5 Joer Verhandlungen e Gesetz gestëmmt, dat erlaabt, hei zu Lëtzebuerg en Eisebunnsreseau ze realiséieren. Sou soll de Grand-Duché mat senge Nopeschlänner verbonne ginn. 4 Haapt- an 2 Niewestrecke ginn an de nächste Jore gebaut.
1940 huet de Woody Woodpecker säin éischten Optrëtt. Am Zeechentrickfilm "Knock Knock" spillt en awer, nach, just eng Nieweroll.
1952 gëtt zu London fir di éischte Kéier der Agatha Christie hiert Theaterstéck "The Mousetrap" gespillt. D'Mausfal gëtt zanterhier, just vun der Covidpandemie ënnerbrach, all Dag am West End opgefouert. Kee Stéck gëtt méi laang ouni Paus gespillt.
1963 ass et d'Trauerfeier fir den ermuerten John F. Kennedy. Un der Zeremonie huele méi wéi 1 Millioun Leit deel. D'Biller vu sengem Bouf John jr., deen op sengem 3. Gebuertsdag salutéiert, gi ronderëm d'Welt.

© Pixabay
1973 ass et gespenstesch roueg op de Stroossen. Et ass deen éischte vu puer autofräie Sonndeger, déi wéinst der Pëtrolskris an d'Liewe geruff ginn.
Op Initiativ vu Bob Geldof a Midge Ure huele Band Aid haut viru 40 Joer zu London d'Lidd "Do they know it's Christmas?" op, a sammelen esou Geld géint d'Hongersnout an Ethiopien. Den Who is Who aus der brittescher Musekszeen ass dobäi.

© Pixabay
Knapp 50 Joer laang war en gott-änleche Staats- a Regierungschef vu Kuba - 2016 stierft de Fidel Castro. Dee selwechten Dag 4 Joer méi spéit verléisst eis säi Kolleeg a Weltklassfuttballspiller Diego Maradona. Dee mat der "Hand Gottes".
Haut virun 2 Joer stierft d'Irene Cara. D'Sängerin krit an den 80er Jore jeeweils en Oscar fir hir Filmhitten "Fame" a "Flashdance".