... 41 Joer ginn um Flughafen Heathrow 3 Tonne Goldbarren an Diamante geklaut. Se si geschate 25 Millioune Pond Sterling wäert - dat ass bis haut de gréisste Vol an der brittescher Kriminalgeschicht.

26/11/2024 Haut virun...

1941 iwwergëtt den amerikaneschen Ausseminister dem japaneschen Ambassadeur eng Nott, an där d'Enn vun den diplomatesche Bezéiungen tëscht béide Länner deklaréiert gëtt. Nach dee selwechten Dag leeft a Japan e geheime Schëffsverband aus, fir d'Amerikaner zu Pearl Harbor unzegräifen.

Eng gutt Nouvelle nom 2. Weltkrich: 1945 kënnt der Astrid Lindgren hiert Kannerbuch "Pippi Langstrumpf" eraus. Méi spéit ginn zwee weider Bicher annoncéiert - se ginn a 77 Sproochen iwwersat a verkafe sech bis haut ronn 70 Millioune Mol.

1965 starten d'Fransousen an Algerien eng Rakéit, déi hiren éischte Satellit an de Weltall schéisst. En heescht "Astérix" an ass deen éischte Start ouni Bedeelegung vun den USA oder der UdSSR.

2005 geet et net grad sou héich erop, an awer... Den indesche Millionär Vijaypat Singhania fiert mat sengem Waarmloftballon op eng onerreechten Héicht vun 21.291m.

2008 kënnt et zu Mumbai an Indien zu 10 simultanen Uschléi. 3 Deeg laang daueren d'Schéissereien tëscht der Police an enger islamistescher Terrorgrupp. Um Enn sinn 174 Leit dout, ronn 250 gi blesséiert.

Viru 85 Joer kënnt d'Anna Mae Bullock op d'Welt. Als Tina Turner gëtt si eng vun den erfollegräichste Musekerinnen ever.

60 Joer al gëtt d'Vreni Schneider. D'Alpinschileeferin feiert 3 Mol Olympiagold, gëtt 3 Mol Weltmeeschterin a gewënnt 55 Weltcupcoursen. An hirer Schwäizer Heemecht gëtt se zur Sportlerin vum Joerhonnert gewielt.

43. Gebuertsdag fir déi brittesch Sängerin Natasha Bedingfield.

34 Joer al gëtt déi brittesch Sängerin Rita Ora.