
© RTL / 2024 Viacom International Inc. All Rights Reserved.
Wann een Genre am Filmberäich gutt leeft, dann ass et alles wat mat Krimi ze dinn huet. Awer och Bicher déi ronderëm Verbriechen a Mäerdergeschichten dréinen, verkafe sech gutt. Do louch et op der Hand fir och sou e Podcast ze lancéieren wou reell Geschichten aus dem Liewen verzielt ginn, a wien kéint dat besser maachen wéi d'Sabine Rückert, déi als Gerichtsreporterin schafft.
De Succès vum Podcast ass mat ronn 5 Milliounen Streams am Mount enorm. Et stellt ee sech also vir, dass d'Aarbecht vun enger Geriichtsreporterin spannend ofleeft, well een ganz no drun ass un de Storyen déi wierklech geschitt sinn a net iergend en Auteur sech ausgeduecht huet.
Nom enorme Erfolleg vum Podcast, deen virun 6 Joer ugelaf ass, gouf et also Zäit, dass een net just héiert, wat hei Schreckleches geschitt ass, mee e puer vun deenen Fäll och verfilmt ginn. 4 Geschichten goufen erausgepickt a mat Acteuren wéi Lavinia Wilson, Lars Eidinger a Sandra Hüller, also engem héichkarätegen Ensembel ëmgesat. Een Episod dréit ëm e jonken Student dee seng Première gemaach huet, der Police an de Grapp fält an dat kascht hien d'Liewen.
Am ganzen sinn et 4 Filmer, déi een zanter dem 6ten November op RTL+ fënnt. All Episoden vum Podcast 'Zeit Verbrechen' sinn och op RTL+ a kann een sech do, wéini ee wëll ulauschteren, fir sech e bësschen ze grujelen, wat a kranke Käpp wierklech geschéie kann.