
Zu 10 stinn se e Samschden am Atelier op der Bün fir hir 25 Joer ze feieren. D'Providers sinn eng vun de Kult-Coverbands aus dem Grand-Duché a bannent nëmme puer Wochen hu se déi komplett Tickete fir hier Gebuertsdagsparty am Atelier verkaaft. Deemools, wéi alles ugefaangen huet, waren se nach Schüler an zu Kielen an enger Garage hunn se sech getraff fir zesumme Musek ze maachen. Dunn, no an no sinn der ëmmer méi bäikomm an och haut maachen d'Kolleegen nach ëmmer Musek. Et sinn zwar manner Baler wéi fréier op deenen se spillen, mee d'Virfreed op en Optrëtt ass awer nach ëmmer grouss. De Loïc Juchem war bis an eng Prouf vun hinne kucken a lauschteren.
21/11/2024 Providers Reportage 2








Am meeschte gelies