
© Patrick Greis
De LIVE! planet people hat gëschter e ganz besonneschen Zauber. d'Invitéeën vum Fabienne Zwally waren d'Violonistin Sandrine Cantoreggi, d'Pop Art Kënschtlerin Lynn Kunnert an den Florian Salzinger vun der EM am 'BMX Freestyle Flatland'. D'Häerzstéck war awer den Télévie dee gëschter mat 3 neien Zentren lancéiert gouf.

d'Sandrine Cantoreggi ass als Violonistin op der ganzer Welt bekannt an den 23ten November spillt si bei de 'Rainy Days' an der Philharmonie


de Florian Salzinger war bäigeschalt aus de Rotonden zu Bouneweg wou haut um 18h d'EM am BMX Freestyle Flatland gefuer gëtt


d'Lynn Kunnert mécht 'Pop Art', a fir den Télévie huet d'Kënschtlerin Promien op der Toile festgehale, wéi den Dylan Pereira, d'Schleck-Bridder, d'Mandy Minella awer och de Samu Haber an de Mark Wahlberg.


Haut sinn et nach 160 Deeg bis bei den Télévie 2025, dofir ass et elo e gudde Moment fir déi nei Télévie Zentren kennen ze léieren Dippech, Käerch a Schengen zesummen mat eisem 'Centre de promesse permanent' Rodange. Si sinn sech hirer wichteger Missioun bewosst.