Zanter véier Joer bitt d’Stad Lëtzebuerg Visitte vu "Secret Places" un. All véier bis sechs Woche kënne Jonker tëschent 12 a 26 Joer aussergewéinlech Plazen um Stater Terrain entdecken.

17/11/2024 Stad Lëtzebuerg: Secret Places

UMOD

Zanter véier Joer bitt d’Stad Lëtzebuerg Visitte vu "Secret Places" un. All véier bis sechs Woche kënne Jonker tëschent 12 a 26 Joer aussergewéinlech Plazen um Stater Terrain entdecken.

TEXT

Um Programm stinn an deenen nächste Méint ënnert anerem de Centre de Remisage et de Maintenance vun der CFL, d’Cité judiciaire, d’Äispist op der Kockelscheier oder de Stade de Luxembourg. De Paul Galles ass Stater Schäffen a responsable fir d’Jeunesse. Wéi ass d’Iddi fir de Projet "Secret Places" entstanen?

11/11/2024 Stad Lëtzebuerg: Secret Places - CUT1 Paul Galles

D’Visitten daueren ëmmer tëschent enger an zwou an enger hallwer Stonn. All d’Visitte fannen an der Presenz vun enger verantwortlecher Persoun vum Service Jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg, an ënner Opsiicht a Betreiung vun enge Persoun vun där jeeweileger Plaz, statt. Paul Galles, firwat riichten d’Secret Places sech grad un déi Jonk?

11/11/2024 Stad Lëtzebuerg: Secret Places - CUT1 Paul Galles

OFMOD

Déi nächst Visitte ass méindes de 16. Dezember am Stade de Luxembourg. Umelle kann een sech beim Service Jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg. D'Email-Adress an eng Telefonsnummer fannt dir op radio.rtl.lu.