Dat Wichtegst, wann ee sech bestuede wëll, ass natierlech de Partner, awer dann brauch een och en Datum, eng Location, den Hochzeitsrack an den Hochzäitskuch. D'Réng net ze vergiessen, awer och e Fotograf an an an. Um 'Salon du mariage' deen dëse WE um Kierchbierg an der LuxExpo ofgehalen gouf, hat een alles den Themen no opgedeelt, an et ass een quasi an enger Hochzäitsstrooss vun engem bei deen anere gereest. An d'Leit hu nach ëmmer Loscht sech ze bestueden.

11/11/2024 Salon du Marriage
Salon du mariage - Exposanten
RTL

Fir 2023 gëtt et vum Statec keng aktuell Zuelen, wéi vill Koppelen sech d'Jo-Wuert ginn hunn, awer 2022 waren et der ëmmerhin nach 2.475. An et brauch een deene Verléiften och net laang zouzerieden an ze fléiwen. Se hunn hiert Gléck séiert fonnt, net just beim Partner, mee och um Salon. An déi meescht hunn souguer schonn eng Datum, oder eng Anung wéini, wéi a wou.

Salon du mariage - Koppelen an hier Wënsch
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL