
© vickygomezbmx
Dëse Samschdeg, de 16. November ass an de Rotondes zu Bouneweg déi Europäesch Meeschterschaft am BMX Freestyle Flatland. Männlech ma och weiblech Coureure trieden hei géintenaner un a weisen hier beschten Tricke fir esou de Public an de Jury ze begeeschteren.
Inspiréiert vum Wheelie, ass dës Discipline an de spéide 1970er respektiv fréien 1980er a Kalifornien entstanen an huet séier seng Unhänger fonnt. Genee sou wéi bei anere Sportaarte gëtt et dann och hei ënnert anerem eng Europa-Meeschterschaft. An déi ass dëst Joer déi éischt Kéier hei zu Lëtzebuerg. Florian Salzinger, Directeur administratif vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun:
"Mir si frou de BMX och e bëssi op den Tableau ze brénge well mir gesinn hunn, dass de BMX eng grouss Communautéit huet, och hei am Land. An och bei den olympesche Spiller hu mer gesinn, dass de BMX eng immens populär a jonk Sportaart ass. Mir musse fairerweis dozou soen, dass mir als Vëlosfederatioun nach net ganz gutt opgestallt si wat de BMX ugeet, mee mir géingen et gären an den nächste Joren an all senge Facette méi promouvéieren an dat war elo eng flott Opportunitéit eng Europa-Meeschterschaft hei an d'Land ze kréien an domadder de BMX och an d'Vitrine ze setzen."
Organiséiert vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun, zesumme mam Vicky Gomez, fréiere Weltmeeschter am BMX Freestyle Flatland an Awunner hei am Land, trieden e Samschdeg souwuel Männer wéi Frae an de Rotondes zu Bouneweg géintenaner un:
"Mir hu Männer a Fraen. Mir sinn och frou, dass mer 6 Dammen um Depart hu wat vläicht de Moment no enger relativ klenger Zuel kléngt, wat awer eng representativ Zuel am BMX Flatland ass a mir hoffen an Zukunft do eppes kënnen dozou bäizedroe mat deem Event vläicht de Sport och fir Damme méi populär ze maachen. Bei de Männer hu mer 14 Coureuren um Depart. Bei den Dammen a bei de Männer sinn dann och déi jeeweileg Europa-Meeschter vum leschte Joer um Depart, dat heescht d'Qualitéit ass op alle Fall och hei sur Place."
Offiziell UCI Riichter wäerten d'Coureuren op Basis vu verschiddene Krittäre beurteelen:
"Et ginn d'Variabilitéit an d'Schwieregkeet vun den Tricke beurteelt. Et kann ee sech e bësse virstelle wéi eng Choreographie beim Danzen eigentlech, dat Gesamtbild wat herno muss stëmmeg si fir do herno eng gutt Punktzuel ze kréien."
Esou eng Meeschterschaft geet dann awer och net ouni gewësse Show Elementer:
"Et ass mat Musek ënnerluecht, et ass en DJ sur Place, en MC deen déi Tricken och erkläert, mee et ass eng Competitioun. Dat ass en Europa-Meeschter Titel dee bei den Dammen an den Häre verdeelt gëtt."
En Event deemno fir déi ganz Famill sou wéi och fir all Vëlosbegeeschterte wou och mol e Sport an d'Vitrinn gesat gëtt deen net sou bekannt ass. D'Diere ginn e Samschdeg Nomëtteg um hallwer 6 op an d'Europa-Meeschterschaft déi um 18 Auer ufänkt, dauert ronn 2 Stonnen. Tickete ginn et dann och nach op
https://www.rotondes.lu/fr/agenda/uec-bmx
.