© pixabay
Trüffe gëllen als Monument fir kulinaresche Luxus. Hiren aussergewéinleche Parfum a Goût maachen se onverwiesselbar. Gëtt ee bei de Liewensmëttelhändler "Trüffen" an d'Sichfeld an, fënnt een honnerte vu Produiten. Vun der getrüffelter Wurscht, iwwer Raclettekéis, bis zu Knippercher mat Trüffelgoût. Ma e geneeë Bléck op d'Ingrediente lount sech: Elleng mam Wuert Trüffel op der Etikett kann ee vill Sue verdéngen. Dacks huet dat awer mam reellen Trüffelerliewnes näischt ze dinn.
Et gëtt verschidden Aarte vun Trüffen, kulinaresch interessant sinn déi brong/schwaarz, Tuber melanosporum oder Périgord-Trüffel oder déi wäiss, bekannt als Piemont- oder Alba Trüffel. Si wuessen ënnerierdesch a si schwéier ze fannen, wéi eis de Kach David Albert erkläert:
Fir déi mol ze fannen, huet een zwou Méiglechkeeten. Entweeder et huet een en Hond oder Schwäin, déi eng eng immens sensibel Nues hunn, déi se fannen, oder et ginn och wierklech Trüffel -Experten, déi bréngen dat fäerdeg se och ze entdecken, andeems dann eng bestëmmte Méck bei den Trüffe ronderëm flitt. Dat ass scho ganz komplizéiert, fir se ze fannen. An da muss een och déi richteg Bëscher hunn, wou se eebe wuessen, respektiv wou een déi Wuerzel huet, déi infizéiert ginn ass, mam Mykosom, fir datt se eebe wuessen.
Et kritt een zwar mëttlerweil mat Mykosom infizéiert Beem ze kafen, allerdéngs dauert et jorelaang bis een mol un eng Recolte denke kann. Nieft Italien a Frankräich gehéiere mëttlerweil och Australien, Spuenien a Kroatien zu de wichtege Liwweranten.
Déi schwaarz Trüff, déi mer jo och ganz vill am Frankräich fannen, Südfrankräich haaptsächlech ass schonn e bësse méi present, komm mer soen esou, an dann hu mer jo déi wäiss Trüffen aus Italien, déi nach méi rar ass, an dat ass och dat, wat de Präis mécht, dat heescht, wat méi um Marché ass, wat de Präis fält, dat ass jo ganz normal.
De Geroch vun der wäisser Trüffel ass immens intensiv, e bëssen no Moschus, Amber, Muskot Vanill a Bësch. Déi schwaarz Trüffel ass am Goût méi intensiv, och e bëssen no Bëschbuedem, Champignon a liicht peffereg. Meeschtens keeft een e gebotzt a verbrauchs-fäerdeg woubäi e meeschtens iwwer d'Nuddelen oder de Fësch frësch geriwwe gëtt.
Wat ganz interessant ass och ze maachen - eng Glace. Dat heescht, et ass am Fong geholl d'Basis vun enger Vanillsglace, et léist een einfach d'Vanill eraus, et aromatiséiert een et e bëssi mat ganz, ganz kleng gehaakten Trüffen. An dat geet ganz flott. Dat kombinéiert zum Beispill mat engem Moelleux au chocolat, mat däischterem Schockela gemaach, dat si wierklech Saachen, déi ganz gutt beienee passen.
Et kann een se och an den Ueleg aleeën fir en aromateschen Ueleg ze kréien, oder wann een Eeër zesumme mat den Trüffelen an enger Këscht e puer Deeg versuergt, hunn d'Eeër schonn automatesch e gudde Basis Goût fir zum Beispill "Oeuf brouillé à la truffe".
© pixabay