En neien Trend vu Kazen-Ziichtung suergt bei den Déiereschützer fir grouss Opreegung. Déi Kaze leiden nämlech ënner schwéiere gesondheetlechen Aschränkungen a stierwen och vill méi fréi wéi aner Kazen.

25/11/2024 Bullycats-Déiereschützer warne viru Qualzuucht

Déi sougenannte "Bullycats" gläichen der Sphynx Rass ouni Hoer, hunn awer vill méi kuerz Been an eng Haut, déi staark Falen huet. Si gi geziicht, fir d'Nofro no extreme Kierperformen ze befriddegen a besonnesch a Groussbritannien sinn d'Déieren, déi wéi e bestraalten American Bully ausgesinn am Trend a ginn ëmmer méi dacks op Social Media Plattforme presentéiert. D'Déierendoktesch Romi Roth zum Thema:

Déi zynesch Kiischt um Kuch ass bei de Bullykazen dann nach d'Verkierzung an d'Torsioun vun hire Patten. Bei déi meeschtens gravéierenden Haut - a Bindegeweebsproblemer vun de Plakkazen kënnt deemno och nach orthopedesche Misär. De statistesch duerchschnëttleche Maximalalter vun nëmme sechs Joer ass am Fong dann och Erklärung genuch dofir, dass d'Déieremedezinn vun deem Trend allgemeng entsat ass an dovunner ofréit mam Kaf vun esou engem aarmen Déier d'Zuucht nach z'encouragéieren.

Opgrond vun hirem onnatierlechen Ausgesinn kënne Bullycats sech also weder richteg beweegen, an duerch de Pelz dee feelt, dee bei Gefor net gesträubt ka ginn, ass hiren Taaschtsënn, domat och hir Kommunikatioun ageschränkt. Donieft ass déi ronscheleg Haut en idealen Nährbuedem fir Bakterien an Hautentzündungen. Well een dës extrem Zuuchtpraktiken och scho bei Hënn gesinn huet, warnt d'Déiereschutzorganisatioun "Naturewatch Foundation" an och den däitschen Déiereschutzverband virun där grausamer Zuucht, déi an Däitschland automatesch och e Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz wär. 

RTL

© ™️BullyCatsUK