Sou wéi mir, soubal et kal gëtt e Schal an den Hals an eng Mutz op de Kapp setzen, sou wier dat awer bei de Planzen am Gaart liicht iwwerdriwwen. De Jeannot Lacour mengt, dass et kee Wäert huet Palmen an Olivebeem de ganze Wanter zouzedecken. Séier handelen ass besser a bréngt méi, wa kal gemellt ass. Huele mer emol d'Beispill vun de Planzen am Kiwwel.

T'geet jo net drëms, wann dat uewen erfréiert, t'geet drëms wann d'Wuerzelen erfréieren. Wann d'Wuerzelen erfréieren, kann d'Planz kee Waasser méi, keng Fiichtegkeet méi ophuelen. Da verdréchent se meeschtens iwwer de Wanter, mee se ass net erkaalt. Kiwwele wann ech der hunn, wann ech d'Méiglechkeet hunn se ze réckelen, iergend an en Eck wou keng kal Loft dru kënnt. Wann da néideg och ronderëm de Kiwwel zoudecken, mat engem Noppeplastik zB wou Loft dran ass. Uewendriwwer Mulch, Blieder, dat ass méi wäertvoll wéi uewen d'Kroun zouzedecken.

Jeannot Lacour - Planzen am Kiwwel - Wand

Et muss een also flexibel sinn, well soss ass et éischter kontraproduktiv mam Zoudecken.

Wann ech uewen zoudecken a mir hunn Temperaturen vun 0, -1, oder am positiven 2, 3 Grad, an d'Sonn knallt voll drop, dann hu mer séier Temperature vu 10, 15 Grad. An der Nuecht geet déi Sonn erëm fort, dh dat sinn immens Schwankungen vun Temperaturen, an dat deet der Planz manner gutt, wéi wann ech se dann zoudecken, a se reegelméisseg déi Temperaturen huet, wéi se och dobaussen an der Natur sinn.

Jeannot Lacour - Planzen am Kiwwel - zoudecken

Dofir soll ee seng Planzen am Kiwwel sou laang wéi méiglech dobausse stoen hunn, an och waarden ier een se zoudeckt, wann iwwerhapt. Nëmmen am Extremfall, dat heescht Nordostwand an extreme Minustemperaturen. Kréie mer et awer nees mat engem Wanter ze dinn wéi déi lescht Joren, da brauch ee sech keng Gedanken ze maachen.