
Gëschter Moie krute mer hei am Haus déi batter Nouvelle, datt eise Programmdirekter Steve Schmit eis am Alter vun nëmme 56 Joer no laanger Krankheet verlooss huet. Et koum iergendwéi net ganz onerwaart an awer ware mer all erféiert, esou wéi Dir et och bestëmmt schonn mol an Ärem Ëmfeld erlieft hutt. Op dëser Plaz elo en Noruff vun enger Persoun, déi zanter net all ze laanger Zäit eng wuelverdéngte Pensioun genéisst an déi quasi di ganz Karriär vum Steve materlieft huet. D'Christiane Kremer.
Léiwe Steve,
du waars mäi leschte Chef bei RTL. Iwwer 30 Joer hu mer eis kannt an zesummegeschafft. Um Ufank am Radio, wou s du Journalist waars, deem seng sonor a markant Stëmm schonn deemools opgefall ass. An ëmmer nees war et och flott mat der ze poteren. Ech ka mech nach erënneren, wéi s de als jonke Papp eis deng éischt Erfarunge mat dengem Puppelchen erzielt hues. Däi Wee ass awer net an der Redaktioun bliwwen an och net just am Radio. Deng Begeeschterung an deng Passioun fir alles, wat kreativ Konzepter waren, däin Interêt fir dat, wat hannert dem Reportage, hannert engem Journal oder hannert enger Emissioun, awer och hannert de Medien am allgemengen stécht, war sou grouss, datt ee wosst, datt s du do eemol d’Fiedem mat géings zéien.
Du waars eis all e Beroder, deen ëmmer Impulser ginn huet. Wa mer eng Iddi gesicht hu fir nei Emissiounen oder Aktiounen, war ee Saz kloer: „Mir mussen emol mam Steve driwwer schwätzen!“ Well du hues ëmmer gespruddelt vun Iddien, hues eis motivéiert nei Formater ze woen, an eis och dann encadréiert a mat zwou Hänn mat ugepaakt, fir datt se realiséiert goufen. Ob et fir de Radio, fir den Internet, fir d’Tëlee war, fir eng Sport-Iwwerdroung, den Enregistrement vun engem Kultur-Evenement, fir nei Filmer a Serien mat ze lancéieren oder en neie graphesche Look ze fannen.
An de leschte Joren hu mer an der Kultur vill zesummen ausgeheckt mat der Ekipp an ëmmer iwwer déi skurrilst Projeten nogeduecht a gelaacht. Ech gesinn dech nach duerch d’Redaktioun kommen an da stoungs de nieft dem Büro an has en heemlecht Grinsen am Gesiicht. Dat war e kloert Zeechen, de Steve huet nees eng geckeg Iddi.
Mee du waars awer och ëmmer do, Steve, wann een e Rot gebraucht huet, koums och selwer e Rot sichen oder eng aner Meenung lauschteren. Du konnts och emol knouteren, mee et war ëmmer am Sënn vun der Saach. An ni perséinlech!
Wéi mer eis fir d'lescht gesinn hunn, hu mir zesummen en Téi gedronk - mir waren allen zwee net an der beschter Form - an awer war et wéi ëmmer e konstruktiivt a motivant Gespréich! Och de leschte Message, deen ech vun der krut, war, trotz denger schwéierer Krankheet, optimistesch a positiv! Du waars doranner e Kämpfer an e Virbild.
Mat dir geet e Stéck RTL, awer och e gudde Kolleeg a jo - och e Frënd!
Äddi Steve, mir all wäerten dech ni vergiessen!!! A sinn a Gedanke bei denger Fra an denge Kanner!
A Steve, geckeg Iddie brauche se bestëmmt och do, wou s du elo bass.
